lb fr pt en
Sonndesmass  
20 avril 2023

D’Mass um 3. Ouschtersonndeg gouf vu Weiler-la-Tour iwwerdroen

Den 23. Abrëll gouf d’Sonndesmass vu Weiler-la-Tour iwwerdroen. Et huet d’Chorale Weiler & Haassel ënnert der Direktioun vum Horatiu Dragan gesong, op der Uergel begleet vum Simone Appelbaum-Goebel. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Weiler-Haassel

Chrëschtdag 1969, d’Gebuertsstonn vum Gemëschte Chouer Weiler & Haassel, éischt offiziell Prestatioun vun der Chorale Mixte : no 8 Joerzéngten Astudéieren, Organiséieren an Opféieren beim Weiler Männerchouer, gouf deen Dag en neit an erfollegräicht Kapitel an där bis dato 133-jähreger Geschicht vum Weiler Gesangveräin opgeschloen. D’Bedeelegung vun engagéierten, stëmmsécheren Dammen am Sopran an am Alt huet et zënterhier dem Chouer erlaabt, am Laf vun der Zäit e Repertoire mat Honnerte vu Gesangsstécker opzebauen, vun einfachen, eestëmmege Lidder bis hin zu feierlech-gewaltege Wierker.

Déi aktuell Programmer vun der Chorale kruten zanter 2005 eng nei Ausriichtung : mat gefällege Melodien, expressive Liddertexter an einfachen, klangschéinen Arrangementer ass den zueleméisseg éischter bescheiden opgestallte Chouer stänneg beméit, bei de verschiddenaartegen Optrëtter den Erwaardunge gerecht ze ginn. Eng enk Verbonnenheet mam Gesangveräin ass d’Basis fir en onverännerten Engagement, och bei gesellschaftlechen Ereegnesser. Prouwe gi mëttwochs um 19:30 Auer am Veräinssall zu Haassel ofgehalen.

Fotoe vum Alois Theisen

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Processional march John Warriner
Agangslidd Jubilez, criez de joie Jean-Baptiste Du Jonchay
Kyrie Här, erbaarm dech eiser Camille Rodenbour
Gloria Gloire à Dieu Gail Cowle
Alleluia Jésus, tu es ressucité Claude Tassin
Offertoire Le sel de la paix J.-P. Kempf / P.-M. Gambarelli
Sanctus Helleg Camille Rodenbour
Anamnes sur l’air de ’Amazing grace’ Arr. : Claire Lebert-Lauvergne
Agnus Dei Lamm Gottes Camille Rodenbour
Kommioun O Salutaris (Petite Messe du Saint Sacrement Abbé Bourguignon
Schlusslidd La première en chemin G. Lefèbvre / Sr M.-C. Guedon
Sortie Improvisation dur le Deum Charles Tournemire

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu