lb fr pt en
Aktivitéiten 2019 . Activités 2019  
21. September 2019

Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich hëlt un der Amazonas-Synod deel

Vatikan huet den 21. September d’Lëscht vun de Participante publizéiert

Am Kader vun de Preparatiounen fir d’Amazonas-Synod hat den Äerzbëschof am November 2018 den däitsche Réalisateur Martin Kessler (2.v.l.) empfaangen. Mat um Bild de Jean-Louis Zeien (Justice et Paix) an de Patrick Godar (partage.lu).

D’Amazonas-Synod, déi offiziell ënnert dem Thema „Amazonien – nei Weeër fir d’Kierch an eng ganzheetlech Ökologie" steet, fënnt vum 6. bis de 27. Oktober am Vatikan statt. Um Hannergrond vun der Poopst-Enzyklika Laudato si’ gi wärend dem Bëschofstreffen ë.a. d’Emweltschied an hir sozial Suiten wéi och pastoral Erausfuederungen a Latäinamerika an de Bléck geholl.

Um Samschdeg, den 21. September, gutt zwou Woche virum Optakt vun der Synod, gouf d’Lëscht vun de Participanten bekannt, ënnert hinnen ass och de Mgr Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE. Den Dag virun der Ouverture vun der Synod gëtt de Mgr Hollerich wärend engem Consistoire offiziell an de Kollegium vun de Kardineel opgeholl.

Hei déi offiziell Matdeelung vum Hellege Stull vum 21. September.

Bollettino

All Infoen zum Bëschofstreffen fannt Dir um offizielle Site vun der Synod

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu