lb | fr | pt | en |
D’Mass um 29. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Steeën iwwerdroen
De 22. Oktober gouf d’Sonndesmass vu Steeën iwwerdroen. D’Steeëner Sängerfrënn mam Dirigent Lucien Steffen gesongen, begleet op der Uergel vum Marie-Josée Wirtgen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Steeëner Sängerfrënn
D’Steeëner Sängerfrënn goufen 1978 gegrënnt.
Et ass ee Chouer, deen souwuel reliéis wéi och net reliéis Optrëtter huet (Concerts, Altersheimer, Konstfestival…).
Niewent deem musikaleschen ass och dee gesellegen Deel wichteg an dee sozialen Zesummenhalt net ewech ze denken.
D’Massen 1 mol de Mount zu Steeë gi mam Luss Steffen geprouft a vun onser Organistin Marie-Josée Wirtgen musikalesch begleed.
Zënter 2013 sangen d’Steeëner Sängerfrënn och zesumme mat de Chéier aus der Äerenzdallgemeng, ënnert der Leedung vum Claude Baumann.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Sonata in F | Julije Bajamonti |
---|---|---|
Agangslidd | Christ aujourd’hui | Michel Wackenheim |
Kyrie | Kyrie eleison | Sabine Rödiger |
Gloria | Von Ewigkeit zu Ewigkeit | Gemeinschaft Emmanuel |
Alleluia | Singt Halleluja unserm Herrn | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Le pain dans nos mains | Noël Colombier |
Sanctus | Heilig, heilig, heilig | Kurt Grahl |
Wandlung | O Christe Domine Jesu | Taizé |
Agnus Dei | Shalom, shalom | Hebräische Melodie |
Kommiounslidd | Jesus Christ bread of life | Taizé |
Schlusslidd | Geh unter der Gnade | Manfred Siebald |
Uergel: Sortie | Jesus Christ, you are my life | Massimo Berzola |