lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
29. Mee 2018
D’Sonndesmass gouf vu Schieren iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 3. Juni, um 9 Auer aus der Kierch vu Schieren iwwerdroen. D’Chorale Caecilia Schieren huet ënnert der Leedung vum Elena Tanase gesongen, op der Uergel huet de Marc Gerson begleet.
Chorale Caecilia Schieren
D’Chorale Caecila vu Schieren ass 1933 gegrënnt ginn als Männerchouer. Zënter 1971 ass et e gemëschte Chouer.
D’Sängerinnen an d’Sänger gestalte mat hirem liturgische Gesank d’Sonndesmassen an all aner kierchlech Feieren. Op hirem Programm figuréiert och all Joer e weltleche Concert, dëst Joer de 7. Juli.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Präludium in F | Georg Muffat |
---|---|---|
Agangslidd | Lobt den Herrn | Purcell |
Kyrie | Schutzengelmesse | Nemmers |
Gloria | Schutzengelmesse | Nemmers |
Alleluja | Alleluia | Deiss |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Hymne d’Action de Grâces | T. Lecot |
Sanctus | Schutzengelmesse | Nemmers |
Anamnèse | Christ est venu | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Schutzengelmesse | Nemmers |
Kommuniounslidd | Ich lobe meinen Gott | |
Schlusslidd | Wir beten an, Tantum Ergo, Großer Gott | |
Sortie: Uergel | Grand Choeur | Théodore Salomé |
Chouer: Caecilia Schieren
Dirigentin: Elena Tanase
Organist: Marc Garson
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique