Homepage>Glawen & Pastoral . Foi & Pastorale >Texter a Kommentaren . Textes et commentaires >D’Evangelium op Lëtzebuergesch >Joer A >
lb | fr | pt | en |
Joer A
26. November 2015
30. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 22,34-40
34 Wéi d’Pharisäer héieren hunn, datt de Jesus de Sadduzäer de Mond gestoppt hat, du hunn si sech op där Plaz, wou de Jesus war, getraff.
35 Ee vun hinnen, deen sech am Gesetz auskannt huet, wollt de Jesus op d’Prouf stellen an huet hie gefrot:
36 “Meeschter, wéi eent ass dat gréisst Gebot am Gesetz?”
37 De Jesus huet him geäntwert: "Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil a mat dengem ganzen Denken.
38 Dat ass dat gréisst, dat éischt Gebot.
39 Dat zweet awer ass gradesou grouss: Du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer.
40 Un dësen zwee Geboter hänkt dat ganzt Gesetz an och d’Prophéiten."
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique