lb | fr | pt | en |
Abbé Daniel Graul op en Neits zum Vizepresident gewielt
Éischt Sëtzung vum neie Priisterrot
Um Freideg, 9. Februar 2024, ass den nei gewielte Priisterrot eng éischte Kéier zesummekomm. Ënnert dem Virsëtz vum Här Äerzbëschof goufen an der konstituéiernder Sëtzung am Centre Jean XXIII ë.a. d’Membere vum Comité vum Priisterrot gewielt respektiv ernannt. Alen an neie Vizepresident vum Priisterrot ass den Abbé Daniel Graul. No de Wale setzt sech de Comité vum Priisterrot esou zesummen: Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, President, Generalvikar Patrick Muller, Daniel Graul, Vizepresident, André Lauer Favoretti, Sekretär, Joël Santer, Luc Schreiner a Félix Steichen, Memberen. D’Haaptaufgab vum Comité vum Priisterrot ass et d’Reunioune vum Priisterrot virzebereeden.
Neie Vertrieder vum Priisterrot am diözesane Pastoralrot ass de Romain Richer, säi Remplaçant ass den Henri Hamus.
Ageleet gouf d’Sëtzung an där ë.a. och d’Synod iwwer d’Synodalitéit e Sujet war mat enger Mass an der Kapell vum Seminaire. An der nächster Reunioun wäert de Priisterrot sech méi am Detail mat der Synod an der zentraler Fro “Comment être une Église synodale en mission?” befaassen.
Membere vum Priisterrot ënnert der Presidence vum Här Äerzbëschof si fir e Mandat vu fënnef Joer: Vincent Billot, Charles Bremer, Pit Faber, Jeannot Gillen, Daniel Graul, Tristan Häcker, Henri Hamus, Tom Kerger, André Lauer Favoretti, Patrick Muller, Yves Olinger, Maurice Péporté, Romain Richer, Joël Santer, Luc Schreiner, Félix Steichen, Roman Tyczynski, Mgr Leo Wagener, Denis Wellisch.