lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
3. März 2014

Hierdewuert fir d’Faaschtenzäit 2014

„Sech zu Christus bekéieren“

Léif Bridder a Schwësteren,

D’Faaschtenzäit ass ëmmer eng Zäit, wou mir äis op eise Glawe besënne kënnen. Dat gëllt besonnesch fir dëst Joer, wou mir als Kierch zu Lëtzebuerg engagéiert sinn an engem Prozess vu Konversioun zu Christus. Christus begéinen: An der Liesung vun der Helleger Schrëft, am Gebiet, sief et perséinlech oder a Gemeinschaft, an de Sakramenter an an dem Vis-à-Vis, dee meng Hëllef brauch. Dës Begéinung féiert zum Ëmdenken an zur Ëmkéier fir méi authentesch an engagéiert Chrëscht ze sinn.

Mir hunn alleguer e Liewensstil, deen esou voll ass mat Saachen a Sensatiounen, datt mir perfekt Konsumente ginn an eis Relioun, jo Jesus Christus selwer, zu engem Accessoire ënner anere verkënnt. Dacks bleiwe mir an der Iwwerfläch hänken a kommen net méi op de Fong. Mir verléieren eis Fräiheet mat Gott a ginn zu Mënschen, déi vun hiere Gewunnechten a Bedürfnisser gedriwwe ginn. An dëser Realitéit schwätzt Christus äis un a seet äis, datt d’Räich vu Gott no ass. Fir seng Stëmm awer richteg ze héieren an eiser Gesellschaft, musse mir un äis schaffen.
Duerfir proposéieren ech an dëser Viirzäit vun Ouschteren all Freiden Faaschten an Abstinenz. Een einfacht Iessen kann äis dobäi hëllefen, aus dem Tratt vum Alldag erauszeklammen an op ze ginn fir de Ruff vu Christus. Et ass gläichzäiteg en Akt vu Solidaritéit mat deenen Aarmen. Et wier schéin, wa mir dat net nëmmen eleng, mee och zesummen an eise Communautéite maache kinnten.

Faaschten an Abstinenz maachen och äis d‘Häerz op a mir kënnen dann och besser bieden. Wier dat net och eng Geleeënheet, fir nees méi ze bieden, fir d’Gespréich an de Kontakt mam liewege Gott ze fleegen? Ouni perséinlecht Gebiet geet äis esou vill laanscht d’Nues.

Zur Faaschtenzäit gehéiert och Almose ginn. Eise Poopst huet äis opgefuerdert, eppes ze maachen, eppes ze schenken, wat äis wierklech eppes kascht, fir méi glécklech a méi fräi ze ginn. An enger globaliséierter Welt kënne mir jo net gläichgülteg sinn, wa mir mat hierem Misère konfrontéiert ginn. Heiansdo hu mir schnell Léisungen, wat d’Regierungen, wat d’Hëllefsorganisatioune maache missten, an dobäi geet et drëm, wat mir maache kinnten, wat ech maache kinnt.

Loosse mir äis an dëser Faaschtenzäit e Ruck ginn! Loosse mir eist Häerz opmaachen fir d’Nout zu Lëtzebuerg an an der Welt! Nëmmen deen, deen d’Hand ausstreckt fir ze deelen, kann d’Fräiheet vun de Kanner Gottes geschenkt kréien.

D’Faaschtenzäit ass eng Zäit vu Virbereedung op Ouschteren, op dat grousst Fest, wou mir feieren, datt de Jesus vun den Doudegen operstanen ass. Mee, wéi kënne mir Ouschtere wierklech feieren, wa mir net ëmkéieren zu Christus?

Duerfir nach eng lescht Invitatioun: Fir dëst Joer och d’Leide vum Jesus méi eescht ze huelen, fir äis a säi Mysterium eranzeknéien. Et wier jo schéin, wa mir zesummen an eise Porverbänn net nëmmen Ouschteren, mee och Pällemsonndeg, Gréngendonneschdeg a Karfreideg kinnten erliewen an esou an der Ouschternuecht dem Operstanenen an eisem Häerz begéinen.
Mir sinn als Kierch mat villen Defien konfrontéiert: De Reliounsunterrecht, deen ofgeschaf soll ginn, d’Bezuele vun zukünftegen Geeschtlechen a Laiemataarbechter... an dat mat enger miserabeler finanzieller Situatioun vum Bistum. Dat si grouss Suerge fir eis Kierch! Mee ech si sécher, datt och jidderee vun Iech perséinlech Suergen a sengem Häerz dréit: Suergen a Leed bedingt duerch Trennung a Scheedung, Krankheet, Dout asw..

Als Chrëschte si mir Mënsche vun der Hoffnung, an d‘Hoffnung erwiist duerch de Kontakt mam Här vum Liewen.

An deem Sënn wënschen ech Iech alleguer eng schéi Faaschtenzäit.

A grousser Verbonnenheet,

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu