lb fr pt en
Wallfaart op Lourdes . Pèlerinage à Lourdes  
28. Juli 2022

Lourdes 2022

Eis Diözees war dobäi!

Allez dire aux prêtres

Lourdes ass a bleift eng eemoleg Pilgerdestinatioun, wou d’Kierch och no der Pandemie an hirem Wiese lieweg bliwwen ass. Et ass eng Plaz vu geschwësterlecher Begéinung a vu prägende reliéisen Erfarungen, bei deenen de ganze Mënsch mat senge Suergen an Uleies eescht geholl gëtt a wou hien an dëse Summerméint en “update” am Glawe maache kann. Duerch d’Gebiet an de Partage gi vill Pilger-innen an d’Déift vun der Gudder Noriicht gefouert a si beréiert vun der Wäertschätzung, déi grad krank Leit a Mënsche mat spezifesche Besoin’en entgéint bruecht gëtt. 
Eng ronn 100 Pilger-inne vu Lëtzebuerg haten sech vum 18. - 24. Juli 2022 op de Wee an d’Grott vu Massabielle gemaach. Zesumme mat de Pilger-innen aus den Diözese Metz a Verdun sinn si mat dem TGV op Lourdes gefuer. Dorënner gouf et och vill Leit mat enger ageschränkter Mobilitéit.
Zënter ville Jore gëtt de Lëtzebuerger Grupp vu Kranke mat vill Kompetenz a Léift vun dem LGS-Clan vun de Foulards Blancs ëmsuergt a begleet. D’Lourdeswallfaart ass fir munche Pilger aus engem Foyer oder Heim den « Highlight” vum Joer an heiansdo och déi eenzeg “Vakanz”.
Mee och ee klenge Grupp vu Pilgerinnen a Pilger aus deene verschiddensten Deeler vum Land war dest Joer derbäi. Eng Fra aus dem Grupp sot suguer: « Lourdes ass wéi ee Virus. Wien eng Kéier hei war, weess vu wat ech schwätzen. ».
Eng grouss Freed war et och, datt sech eng Rei Geeschtlech ganz aktiv an d’Gestaltung vun dem Pèlerinage mat abruecht hunn. Als Priister hunn si net nëmmen d’Eucharistie, d’Krankesalbung an d’Sakrament vun der Versönung mat de Leit gefeiert, mee si waren och spontan bereet, fir Servicer ze iwwerhuelen, wéi beispillsweis de Valissendingscht.
Da gouf et bei der Wallfaart dest Joer nach eppes ganz Besonnesches : e Stéck Tour de France. Den 21. Juli ass nämlech eng Etapp vun der Course an de „Sanctuaires“ vu Lourdes fort gefuer. Vill Leit konnten de grousse Spektakel vun der « Grande Boucle » ganz no materliewen. Anerer hunn an der Pilgerwoch och d’Geleeënheet gehat fir en Ausflug an d’Bierger ze maachen a mat enger Gondel op de Pic du Midi de Bigorre ze fueren.

Klickt op d’Foto fir d’Billergalerie ze kucken...
Fotoen: Patrick Fisch, Camille Graas, Romain Kleer

 
Ervirzehiewe bleift och den aussergewéinlechen Engagement vun der Madamm Rosa Pletschette, déi am Juli 2022 fir d’89. Kéier op Lourdes gepilgert ass! Si huet am Laf vun de Jore ganz vill Gruppe vu Lëtzebuerg aus op Lourdes begleet an huet wëlles am Hierscht hir 90. Wallfaart ze begoen. Och krute verschidde Membere vun de Foulards Blancs de wäisse Foulards als Aspirant oder Titulaire. Domat verspriechen si, fir sech an den Déngscht vun de Kranken ze stellen, ob doheem oder zu Lourdes. Mat anere Foulards Blancs konnt och eise Weibëschof, de Mgr Leo Wagener, suguer op 30 Joer Engagement zréckkucken. Hie stung nieft der Presidence vun der Wallfaart moies fréi am Accueil Notre-Dame zesumme mam Kaploun Vincent de Smet och am Dingscht vun deene Kranken.
Alles an allem war d’Lourdespilgerfaart no 2 Joer Corona e grousst Geschenk mat besonnesche Freeden fir nees “en présentiel” an der Grott vun den Erscheinungen ze sinn an déi vill Uleies vun der Lëtzebuerger Kierch an déi perséinlech Suergen an d’Hänn vun der Muttergottes ze leeën. Si war an ass de Mënschen zu allen Zäiten no a geet mat äis all an eng nei Zäit.

Renée SCHMIT
renee.schmit@cathol.lu

Directrice du Centre de formation diocésain Jean XXIII
Déléguée épiscopale à l’Évangélisation et la Formation diocésaine

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu