lb fr pt en
Sonndesmass  
1. Dezember 2022

D’Mass um 2. Adventssonndeg gouf vu Stengefort iwwerdroen

De 4. Dezember, um 2. Advent, gouf d’Sonndesmass vu Stengefort iwwerdroen. Et hunn d’Choralle Sainte-Cécile Stengefort an Hoen-Klengbetten gesongen. Dirigentin war d’Josée-Anne Mangen, Organist den André Scheuer. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Choralen Sainte-Cécile Stengefort an Hoen-Klengbetten

Zënter méi wéi 10 Joer prouwen a sangen déi 2 Kierchechéier zesummen, ouni awer hir Eegestännegkeet als Veräin opzeginn. Haaptaufgab vun hinnen ass haaptsächlech d‘Verschéinerung vun de Gottesdéngschter. Eng Aufgab, déi si och wärend der Coronazäit ganz eescht geholl hunn an all Sonndeg um Dill waren.

Éischter niewebäi ginn och weltlech Lidder gesonge fir d’Gesellegkeet ze fërderen.
Si hunn 22 aktiv Memberen (9 Hären an 13 Dammen) a si prouwen all Méindeg um 19.30 Auer am Sall oder an der Kierch.

All Leit, déi drun interesséiert sinn, sinn häerzlech wëllkomm bei eis.

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Uergel Wir sagen euch an Karl-Peter Chilla
Agangslidd Wir warten auf das Licht Klaus Heizmann
Kyrie Schutzengelmesse M.L. Nemmers
Zwëschegesang Préparez le chemin du Seigneur Jacques Berthier
Gowelidd Je vous salue, Marie arr. J.P. Schmit
Sanctus Schutzengelmesse M.L. Nemmers
Agnus Dei Vienne la colombe Jean-Claude Gianadda
Kommioun Pain des merveilles Scouarnec
Uergel: Siciliano John Stanley
Schlusslidd Freue dich Welt Händel/Heizmann
Sortie Noël Nr 12 Louis-Claude d’Aquin

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu