lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
13. Januar 2022
D’Mass vum 2. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Diddeleng iwwerdroen
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale St Martin Diddeleng
Mir sinn en Dammekierchechouer, deen 1937 gegrënnt gouf an zanter hier net méi aus dem diddelenger Parliewen eweg ze denken ass.
Als dynamesch Equipe vun ongeféier 30 Sängerinnen weise mer d‘ganzt Joer iwer vill Engagement an dat Dank dem onermiddlechen Asaz vun eisen zwou Dirigentinnen, dem Monique Biren-Kettel an dem Simone Schalz-Kirsch.
Mir prouwen Donneschdes ab 19.30 Auer am Centre St Martin. Nei Sängerinnen sinn hei allzäit häerzlech wëllkomm.
Ob an de Sonndesmassen, de Requiemer, den Hochzäiten, de kierchleche Feierdeeg, de spirituellen oder awer och de weltleche Concerten, mir freeën eis ëmmer fir Iech dierfen ze sangen.
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel Entrée | Préambule op.31 n.1 | Louis Vierne |
---|---|---|
Agangslidd | Exultate jubilate | Earlene Rentz |
Kyrie | Herr erbarme dich unser | Lorenz Mayerhofer |
Gloria | Gloria | Hans Berger |
Zwëschegesang | Adoramus te | Andy Beck |
Alleluja | Alleluja | Hans Berger |
Credo | gëtt gebied | |
Gowelidd | Nimm o Herr die Gaben | Marc Quaring |
Sanctus | Sanctus | Hans Berger |
Anamnèse | Gloire à toi (Messe du peuple de Dieu) | C.E. Hauguel |
Agnus Dei | Lamm Gottes | Hans Berger |
Kommuniounslidd | O salutaris | Laurent Menager |
Schlusslidd | An Irish Blessing | Trad. Irland, arr. Lorenz Mayerhofer |
Uergel Sortie | Divertissement op.31 n.11 | Louis Vierne |
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique