lb fr pt en
Sonndesmass  
5. Februar 2024

D’Sondesmass um 4. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Mamer iwwerdroen

Den 28. Januar gouf d’Houmass vu Mamer iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Mamer huet ënnert der Direktioun vum Sylvie Serra gesong, begleet um Saxophon vum Lynn Gloden an op der Uergel vum Marc Loewen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte Cécile Mamer

D’Chorale Sainte Cécile Mamer ass am Joer 1883 gegrënnt ginn an huet 2023 hiert 140 järegt Bestoe gefeiert. Aktuell ziele mir ronn 35 Sängerinnen a Sänger.
Eis Dirigentin, d’Madamm Sylvie Serra-Jacobs schafft sech mat eis duerch e ganz diverse Repertoire vu Klassik iwwert Chanson bis Pop a Musical duerch, dee bei follgenden ëffentlechen a privaten Aktivitéite presentéiert gëtt : 

  • Festdeeg vum Kierchejoer; Nationalfeierdag an nationale Commemoratiounsdag
  • Open Air Mass, Hochzäiten, Gottesdéngschter a Begriefnesmassen
  • Weltlech Concerten: Uucht am Hierscht, Fréijoers- Summer- an Adventsconcerten
    D’Chorale gëtt vum Pianist Cosimo Colaci begleet.
    Mir géifen eis freeën, wann sech stëmmbegaabte Leit entschléisse wéilten dem Chouer bäizetrieden.

Geprouft gëtt donneschdes owes vun 20 bis 22 Auer, an der fréierer Gemeng (r.d.ch.),
Place de l’Indépendance zu Mamer.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel/Saxophon: Entrée Where’er you walk Georg F. Händel
Agangslidd Jubilate Deo Jon Paige
Kyrie Kyrie Jerry Estes
Gloria Gloria in excelsis Deo et in terra pax Teresa O’Connell
Alleluia Alleluia irlandais LD 204
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Cantate Domino Jerry Estes
Sanctus Sanctus J.W. Kalliwoda
Vater unser Notre Père Sylvie Serra
Agnus Dei Messe de l’Europe Jacques Berthier
Kommiounslidd Ubi Caritas et amor Jerry Estes
Schlusslidd Ne rentrez pas chez vous comme avant
Uergel: Sortie Sonata (1er mouvement “Invention”) Denis Bédard

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu