lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass vum 29. Mee gouf vu Feelen iwwerdroen
D’Sonndesmass um 7. Sonndeg vun der Ouschterzäit gouf vu Feelen iwwerdroen. D’Choralë Sainte-Cécile Feelen a Sainte-Cécile Mäerzeg sangen d’Mass. Dirigent ass de Paul Pletschette, Organist ass den Tom Schreiner, Pianistin d’Caroline Plekkepoel. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 10.30 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De Kierchechouer vu Feelen-Mäerzeg
Et war eng grouss Freed fir de Kierchechouer vu Feelen-Mäerzeg, wéi d’Sängerinnen an d’Sänger no zwee Joer pandemiebedéngten Aschränkungen, rëm all zesumme sange konnten. An däer schwéirer Zäit ass et hinnen awer gelongen, am reduzéierte Grupp d’musikalesch Gestaltung vun den Gottesdéngschter oprecht ze erhalen. Si sinn erliichtert an dankbar, datt si déi Zäit, wou alles hätt kënnten zesummefalen, sou gutt iwwerstan hunn.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Et in terra pax | Extrait de « Messe à l’usage des Couvents », F. Couperin |
---|---|---|
Agangslidd | Komm, Heilger Geist, mit deiner Kraft | LD 477 |
Kyrie | Kyrie | LD 337 |
Gloria | Gloire à Dieu Notre Père | J. Chrestien / R. Jef |
Tëschegesank | Singet dem Herrn ein neues Lied | H. Schütz / M. Schlenker |
Alleluja | Alléluia, alléluia | Extrait d’une hymne pascale de Palestrina |
Credo | gebied | |
Offertoire | Quand il disait à ses amis | J. Akepsimas / D. Rimaud |
Sanctus | Sanctus | LD 339 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | LD 356 |
Kommioun | Komm, Heilger Geist, erfülle unsre Herzen | D. Bortnjanski |
Schlusslidd | Komm, Schöpfer Geist | LD 470 |
Sortie | Komm, Gott Schöpfer, Heiliger Geist (BWV 667) | J. S. Bach |
Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don
Foto (Kierch Feelen): Cornischong op Wikipédia luxembourgeois