lb fr pt en
 
5. Juni 2023

„Kleng Detailer, grouss Geschichten!“

Fotoe vum Weekend vun den oppene Kierchen den 3. a 4. Juni 2023

Klickt op d’Foto fir d’Billergalerie ze kucken...

„Oppe Kierchen“ mécht mat bei de „Luxembourg Tourism Awards“ 2023.
Stëmmt of a gitt all äre Liiblingsprojeten 1-5 Stären, nach bis den 23. Juni:
Netzwerk oppe Kierchen, ënnert der Rubrik Kultur.

Hëlleft eis, de reliéise Patrimoine fir den Tourismus ze valoriséieren an an d’Schaufënster ze stellen.


 En häerzleche Merci op dëser Plaz alle Paren a Leit, déi mat ënnerschiddlechen Aktivitéiten um „Weekend Oppe Kierchen“ matgemaach hunn.
 Merci och all deenen, déi d’Aktivitéiten duerch hir Presenz ënnerstëtzt hunn.

Well et fir eis Ekipp onméiglech war, uechter d’ganz Land ze fueren, fir di vill flott Projeten am Bild festzehalen, starte mir hei en Opruff: Fir eis Fotogalerie ze vervollstännegen, wiere mir frou, wa mir nach zousätzlech Fotoen zur Verfügung gestallt géife kréien. Wann Dir bereet sidd, eis Är Fotoen ze schécken, dann ergänze mir d’Fotothéik.

Wat maachen?

  • Dir schéckt eis d’Fotoen an Original-Gréisst (per Email: com@cathol.lu oder via www.swisstransfer.com).
  • Dir deelt eis folgend Informatioune mat: Uertschaft, evtl. Aktivitéit (z.B. Concert, Ausstellung asw.), den Numm vum Fotograf an Ären Numm (wann Dir net de Fotograf sidd).
  • Dir bestätegt, datt de Fotograf averstan ass, datt d’Fotoe mat sengem Numm am Album „Weekend Oppe Kierchen“ verëffentlecht ginn.

Villmools Merci am Viraus!

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu