lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
5. Oktober 2014

Message vum Äerzbëschof vum 2. Oktober 2014

Léif Schwësteren,
Léif Bridder,

Wéi dir ewell wësst, hu mir dësen Dënschden der Ëffentlechkeet misse matdeelen, datt e Geeschtlechen aus eiser Äerzdiözees sech der Justiz gestallt huet. Hien hat sech virun e puer Joer un engem jonke Mënsch am Beräich vun der Sexualitéit vergaangen. Dëse war zum Zäitpunkt vun dëser moralesch a rechtlech verwäerflecher Handlung nach mannerjäreg.

Elo ass et un den zoustännege Justiz-Instanzen d’Gesetzer zum Schutz vu Kanner a Jugendlechen unzewennen, esou wéi dat sech fir jidderee gehéiert, dee sech an dësem Beräich eppes zu Schëlle komme gelooss huet. D’Kierch selwer schreift dëst esou vir. Doriwwer eraus ass et spéider – no de Regele vun der Weltkierch - och un der zoustänneger Glawenskongregatioun zu Roum, fir sech dësem Fall unzehuelen.

Meng éischt Gedanken a meng ganz Suerg si bei deem Mënsch, deen Affer vun dëser Dot war. Dat deet mir ongeheier wéi am Häerz, an ech bieden Iech als Kierch vu Lëtzebuerg, fir dëse Mënsch ze bieden. Säi Liewen ass méi schwéier ginn, duerch dat, wat deemools geschitt ass. Dëse Mënsch soll wëssen, datt den Herrgott zu him steet a mir als Kierch och fir hien do sinn.

Ech wëll mech an dësem schwéiere Moment awer och un all Kanner an all Jugendlech riichten. Är kierperlech a séilesch Integritéit muss mat alle Mëttele respektéiert ginn. Dir sidd wichteg fir d’Kierch! Dir kënnt weider Vertrauen an Är Geeschtlech an an Är pastoral Begleeder hunn. Ech wëll, datt Dir an eiser Kierch Äre Glawe fräi liewe kënnt, ouni Angscht virun engem Abus. Ëm weidert Vertraue bieden ech och all Elteren, déi elo veronséchert an enttäuscht sinn.

Ech wëll Iech, léif Schwësteren a Bridder, awer och opruffen, fir dee betraffene Geeschtlechen ze bieden, dee sech hei verfeelt a gesënnegt huet. Op där enger Säit muss d’Kierch alles maachen, fir datt Gerechtegkeet geschitt; op där anerer Säit musse mir och dem Evangelium vum Verzeien a vum Erbaarmen trei sinn. D’Gerechtegkeet soll a muss elo hire Laf huelen. Fir de betraffene Geeschtleche kënne mir bieden an hien a senger Schold net alleng loossen.

Eis Kierch gëtt uerg gerëselt, vu baussen a vu bannen. Loosse mir äis d’Hoffnung an d’Freed vum Glawen net ewech huele loossen. Dës traureg Momenter kënnen äis hëllefen, fir an dëse schwéieren Zäite méi fest zesummen ze stoen.

Lëtzebuerg, den 2. Oktober 2014

Äre Bëschof
+ Jean-Claude Hollerich

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu