lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Stengefort iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 3. Mäerz, um 9 Auer aus der Kierch vu Stengefort iwwerdroen. D’Chéier vu Stengefort an Hoen-Klengbetten hunn ënnert der Leedung vu Josée-Anne Mangen a Camille Houlard gesongen, op der Uergel huet de Pierre Hack begleet.
D’Kierchechéier vu Stengefort an Hoen-Klengbetten sangen d’Radiosmass
Zënter November 2010 prouwen a sangen d’Chorale Ste Cecile vu Stengefort an d’Chorale Ste Cecile vun Hoen-Klengbetten zesummen, ouni awer hir Eegestännegkeet als Veräin opzeginn.
Haaptaufgab vun hinnen ass d’Verschéinerung vun de Gottesdéngschter an d’Kultivéierung vun der Kierchemusek. Éischter niewebäi ginn och weltlech Lidder gesong, fir d’Gesellegkeet ze förderen, an déi 24 Sängerinnen a Sänger si gär gesinn bei bal alle Feieren an der Maison de Soins.
Si prouwen all Méindeg an engem Sall vun der aler Schoul zu Stengefort a si géifen all déi, déi Freed um Sangen hunn, häerzlechst invitéieren sech hinnen unzeschléissen. Jiddereen ass wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | “Erhalt uns, Herr, bei deinem Wort” BWV1103 | Johann Sebastian Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Herr, unser Gott | Josef Ignaz Schnabel |
Kyrie | Schutzengelmesse | M.L. Nemmers |
Gloria | Petite Messe de Pâques | Abbé Bourguignon |
Alleluja | Halleluja | M: Leonard Cohen / T: C. Houllard |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Cantate Domino | Giuseppe Ottavio Pitoni |
Sanctus | Petite Messe de Pâques | Abbé Bourguignon |
Anamnèse | Il est vivant | Noël Colombier / harm. P. Hack |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Schutzengelmesse | M.L. Nemmers |
Kommunioun: Uergel | „Meinen Jesum lass ich nicht“ opus 67 Nr 26 | Max Reger |
Kommuniounslidd | Dem, der die Liebe ist | Klaus Heizmann |
Schlusslidd | Geht in Gottes Frieden | Heinz-Helmut Jost-Naujoks |
Sortie: Uergel | Offertoire en ut | Theodore Decker |
Chouer: Kierchechéier vu Stengefort an Hoen-Klengbetten
Dirigenten: Josée-Anne Mangen a Camille Houlard
Organist: Pierre Hack