lb fr pt en
Matdeelungen . Communiqués  
23. Abrëll 2019

D’Klacken am ganze Land hunn den 23. Abrëll mëttes wärend 15 Minutte gelaut

Aus Ulass vum Doud vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean

De Grand-Duc Jean bei der Schlussprëssessioun vun der Oktav 2018.

Als Zeeche vun der Trauer, vum Respekt a vun der Verbonnenheet mat der groussherzoglecher Famill goufen op dësem Ouschterdënschdeg, den 23. Abrëll 2019, um 12.15 Auer an de Kierchen d’Klacke wärend 15 Minutte gelaut.

Den Här Äerzbëschof wäert um Virowend vum Wäissen Ouschtersonndeg, e Samschdeg, de 27. Abrëll um 17.00 Auer d’Mass an der Kathedral an der besonnescher Intentioun fir S.A.R. de Grand-Duc Jean feieren.

Den Här Äerzbëschof biet och all Geeschtlech, um Wäissen Ouschtersonndeg eng Mass an der besonnescher Intentioun fir S.A.R. de Grand-Duc Jean ze feieren.

Här, gëff deem Verstuerwenen déi éiweg Rou.

Maria, Mutter Gottes, Tréischterin am Leed, biet fir hien!

Kuckt de Video


À l’occasion de la mort de S.A.R. le Grand-Duc Jean

Les cloches de toutes les églises ont sonné ce midi pendant 15 minutes

En signe de deuil, de respect et d’attachement avec la famille grand-ducale, les cloches des églises ont sonné en ce mardi de Pâques, 23 avril 2019 à 12.15 heures pendant 15 minutes.

Monseigneur l’Archevêque va célébrer une messe à l’intention de S.A.R. le Grand-Duc Jean ce samedi, veille du dimanche de la miséricorde, le 27 avril 2019 à 17.00 heures en la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg.

Monseigneur l’Archevêque prie aussi tous les prêtres de célébrer une messe du week-end prochain à l’intention de S.A.R. le Grand-Duc Jean.

Seigneur, donne au cher défunt le repos éternel.

Marie, Mère de Dieu, Consolatrice des Affligés, prie pour lui !

Regardez la vidéo

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu