lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Bënzelt iwwerdroen
Elo am Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 23. August, um 9 Auer aus der Kierch vu Bënzelt iwwerdroen. D’Chorale “Sänger van der Héid” hunn ënnert der Leedung vum Marie-Paule Johanns-Hamer gesongen, op der Uergel begleet vum Jean Schon.
D’Chorale “Sänger van der Héid” séngt d’Radiosmass
Am Joer 1977 gouf an der Pôr Holler e Kannerchouer gegrënt, deen du 1982 zu engem Jugendchouer erweidert gouf. 1987 gouf de Gesangverein “Sänger van der Héid” mat 21 aktive Sänger offiziell gegrënt. Am Loof vun de Joeren ass aus dem Jugend- e Gemëschte Chouer giän.
Fir d’Sänger van der Héid Holler, Bënzelt, Bréidelt ass et eng grouss Erausfuerderong, weenst den besonnechen Emstänn vum Covid-19, d’Radiosmass vun dësem Sonnden ze gestalten.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | The Crusaders | Schubert |
---|---|---|
Agangslidd | Kommt erbäi, mir bauen eng Bréck | Magn 1053 |
Kyrie | Här, erbarm déch eiser! | |
Gloria | Papp, am Himmel, mir luewen dech | |
Alleluja | Den Här Jesus mécht eis frou, alleluja | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | O Mamm, léif Mamm | Magn 892 |
Sanctus | Saint ! Saint ! Saint, le Seigneur | 968 |
Anamnèse | Dein Doud, Här, verkönnéche mir | Ponchelet |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu... | Magn 973 |
Kommiounslidd | Pain véritable, Corps et Sang de Jésus Christ | Magn 1015 |
Uergel | Canzona | Johann Caspar Kerll |
Schlusslidd | Vierge sainte, Dieu t’a choisie | Magn 1074 |
Sortie: Uergel | Fuge | Johann Pachelbel |
Chouer: Chorale Sänger van der Héid (Holler, Bënzelt, Bréidelt)
Dirigent: Marie-Paule Johanns-Hamer
Organist: Jean Schon