lb fr pt en
Sonndesmass  
17. Januar 2017

D’Sonndesmass gouf vu Lelleg iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 22. Januar aus der Kierch vu Lelleg iwwerdroen. D’Chorale Lellig / Manternach stoung ënnert der Leedung vum Robert Mehlen, op der Uergel huet de Marcel Weis begleet.

D’Chorale Lellig / Manternach

D’Chorale Lellig / Manternach séngt den 22. Januar, dem Fest vum hl. Antonius, Schutzpatroun vun der Lelliger Kierch, d’Kiermesmass zu Lellig.

D’Chorale Sainte Cécile Lellig (gegrënnt 1902) an d’Chorale Sainte Cécile Manternach (gegrënnt 1893) hu sech am Jar 1989 zesummegedon, fir déi kierchlech a weltlech Feierlechkeeten zesummen ze gestalten.

De Robert Mehlen dirigéiert d’Chorale Lellig/Manternach vum letzten Abrëll un, als Nofolger vum laangjärigen Dirigent, Emile Weis.

D’Chorale zielt aktuell 20 aktiv Memberen, huet awer kee festen Organist. Sou gëtt d’Plaz op der Uergel, ënnert aneren vum Norbert Weydert, Ernest Santer a Roland Faust iwwerholl. D’Radiosmass vum 22. Januar gëtt begleet vum Marcel Weis, Titularorganist zu Maacher.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Kuerzt Virspill zum Agangslidd
Agangslidd Ein Haus voll Glorie schauet Magnificat 639
Kyrie Här erbaarm Dech eiser
Gloria Éier dem Härgott am Himmel
Alleluja Halleluja Taizé
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Seigneur voici le pain J.P. Schmit
Sanctus Give me joy in my heart Traditional
Anamnèse Christ est venu Magnificat 1128
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Här Jesus Du hëlls d’Sënden
Kommiounslidd Rendez grâce au Seigneur Magnificat 1008
Schlusslidd Antonius, heiliger Schutzpatron
Uergel: Sortie Partita BWV 767 J.S. Bach

Chouer: Chorale Lellig / Manternach
Dirigent: Robert Mehlen
Organist: Marcel Weis

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu