lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Lelleg iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 20. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Lelleg iwwerdroen. D’Chorale Lellig/Manternach huet ënnert der Leedung vum Roby Mehlen gesongen, op der Uergel huet de Marcel Weis begleet.
D’Chorale Lellig/Manternach
Virun drëssig Jar hunn d’Chorale vu Lellig a Manternach decidéiert, an Zukunft zesummen ze sangen, ouni awer hir Eegestännegkeet opzeginn. Eng Zesummenaarbecht, déi bis elo bestens funktionéiert huet. Déi Manternacher Chorale konnt iwwregens 2018 hiren 125. Anniversaire feieren.
Um Dirigentepult steet de Robert Mehlen, iwwerdeems de Norbert Weydert an den Ernest Santer meestens fir d’Uergelbegleedung suergen. D’Mass um Fest vum hl. Antonius, Schutzpatroun vun der Lelliger Kierch, begleet de Marcel Weis, e Lelliger Jong, Titularorganist zu Maacher.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Virspill zum Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Danke für diesen guten Morgen | M 1113 |
Kyrie | Messe à deux voix | Camille Rodenbour |
Gloria | Gloire à Dieu | Jean-Noël Klinger |
Alleluja | Louez Dieu, tous les peuples | O’Caroll / Jean Paul Lécot |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ein Haus voll Glorie schauet | M 639 |
Sanctus | Messe à deux voix | Camille Rodenbour |
Anamnèse | Jesus Christus, operstane vum Doud | Noël Colombier / Léon Kirsch |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe à deux voix | Camille Rodenbour |
Kommuniounslidd | Psaume de la création | Patrick Richard |
Schlusslidd | Antoniuslidd | |
Sortie: Uergel | Dialogue sur les mixtures | Jean Langlais |
Chouer: Chorale Lellig/Manternach
Dirigent: Robert Mehlen
Organist: Marcel Weis