| lb | fr | pt | en |
Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich hëlt un der Amazonas-Synod deel
Vatikan huet den 21. September d’Lëscht vun de Participante publizéiert

- Am Kader vun de Preparatiounen fir d’Amazonas-Synod hat den Äerzbëschof am November 2018 den däitsche Réalisateur Martin Kessler (2.v.l.) empfaangen. Mat um Bild de Jean-Louis Zeien (Justice et Paix) an de Patrick Godar (partage.lu).
D’Amazonas-Synod, déi offiziell ënnert dem Thema „Amazonien – nei Weeër fir d’Kierch an eng ganzheetlech Ökologie" steet, fënnt vum 6. bis de 27. Oktober am Vatikan statt. Um Hannergrond vun der Poopst-Enzyklika Laudato si’ gi wärend dem Bëschofstreffen ë.a. d’Emweltschied an hir sozial Suiten wéi och pastoral Erausfuederungen a Latäinamerika an de Bléck geholl.
Um Samschdeg, den 21. September, gutt zwou Woche virum Optakt vun der Synod, gouf d’Lëscht vun de Participanten bekannt, ënnert hinnen ass och de Mgr Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE. Den Dag virun der Ouverture vun der Synod gëtt de Mgr Hollerich wärend engem Consistoire offiziell an de Kollegium vun de Kardineel opgeholl.
Hei déi offiziell Matdeelung vum Hellege Stull vum 21. September.
All Infoen zum Bëschofstreffen fannt Dir um offizielle Site vun der Synod
- Le cardinal Jean-Claude Hollerich a visité les ateliers du Tricentenaire à Bissen
- „E schinge Bonjour vom Poopst“
- Le Président Juncker dialogue avec les évêques de l’UE
- Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich neie President vum internationale Massendéngerverband
- Danksagungsfeier fir de Kardinol Jean-Claude Hollerich an der Kathedral



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76