lb | fr | pt | en |
D’Mass um 26. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Furen iwwerdroen
Den 1. Oktober gouf d’Sonndesmass vu Furen iwwerdroen. D’Chorale Sängerbond Fouhren huet mam Dirigent Paul Muller gesong, op der Uergel vum Tamara Rosselet an um Cello begleet vum Charel Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sängerbond Fouhren
D’Chorale Sängerbond Fouhren gouf 1893 gegrënnt a feiert dëst Jar hiert 130 järegt Bestoen. Mat der frëndschaftlecher Ënnerstëtzung vu Sängerinnen a Sänger aus de Nopeschdierfer zielt eise Chouer 14 aktiv Memberen.
Gären géife mir nei Memberen an eisem Veräin begréissen fir zesummen och an Zukunft déi gesanglech Verschéinerung vun de Sonndesmassen, Hochzäitsfeieren, Begriefnisser a Kiermesmassen, sou wéi haut d’Kiermes zu Fouhren, kënnen ze gestalten.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Wachet auf ruft uns die Stimme | BWV 645 vum J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Rosenkranzkönigin | LD 517 |
Kyrie | Kuurz Mass | Paul Philippy |
Gloria | Kuurz Mass | Paul Philippy |
Tëschegesank | "Par la musique et par nos voix + Alleluja Psalm 150" |
Didier Rimaud |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ave Maria | Jacob Arcadelt |
Sanctus | Kuurz Mass | Paul Philippy |
Anamnes | O Jésus torrent de grâce | R. Foegel |
Agnus Dei | Kuurz Mass | Paul Philippy |
Kommiounslidd | Je viens vers toi les mains ouvertes | Jean-Claude Gianadda |
Schlusslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | LD 90 |
Uergel+Cello: Sortie | Panis angelicus | César Franck |
- D’Mass um 29. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Elleng iwwerdroen
- D’Mass um 31. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Knapphouschent iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Schëtter iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf um Schlussoktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Hemstel iwwerdroen (10.01.2021)