lb | fr | pt | en |
Bëschofswuert fir de Weltmissiounssonndeg 2015
Géi, ech schécken dech
Bridder a Schwësteren,
“Deejéinegen, dee Christus nogeet, kann net anescht, wéi Missionär ginn an hie weess, dass de Jesus mat him geet, mat him schwätzt, mat him otemt a mat him schafft. Hien erlieft de liewege Christus matten an de missionareschen Aktivitéiten.” Mat dëse Wieder fänkt de Poopst Franziskus säi Message fir de Weltmissiounssonndeg 2015 un.
Domat si mir opgeruff, grad an eiser aktueller Situatioun als Kierch hei zu Lëtzebuerg mat alle Problemer, déi äis zwéngen, äis nei opzestellen, Strukturen ze änneren an äis finanziell nei z’orientéieren, äis d’Fro ze stellen: “Däerfe mir ophalen no baussen Témoignage ze ginn fir d’Evangelium a mat der Universalkierch ze deelen?” D’Äntwert ass kloer: “Nee”. An ass et net grad an de groussen Erausfuerderungen, matten an de Verännerungen, de Schwieregkeeten, jo souguer de Geforen, wou de Geescht vu Jesus Christus sech am meeschten manifestéiert an eis encouragéiert, d’Missioun an der Weltkierch couragéiert unzehuelen.
Denke mir grad am Kader vum Weltmissiounssonndeg besonnesch un eis Bridder a Schwësteren, déi am Orient verfollecht ginn, déi a Liewensgefor sinn an déi dach hir Solidaritéit mat Europa gewisen hunn, dat vun Attentater heemgesicht gouf. Wat fir een Témoignage, wat fir impressionant Biller: Mënschen déi alles verluer hunn, déi op der Flucht sinn, deenen hiert Liewen a Gefor ass, déi et awer fäerdeg bréngen Käerzen unzefänken a fir hir Bridder a Schwësteren am Westen ze bieden. Si sinn fir äis e konkret Gesiicht vum Glawen a vun der Hoffnung, déi keng Gefor, jo net emol den Doud äis kann huelen. An dem Geescht seet de Poopst weider:
“Missioun ass Leidenschaft fir Jesus Christus an zur selwechter Zäit Leidenschaft fir d’Mënschen. Wa mir am Gebiet virum gekräizegte Christus sinn, erkenne mir d’Gréisst vu senger Léift, déi äis eis Würd schenkt an äis ënnerstëtzt. An engems mierke mir, dass dës Léift, déi vu sengem oppenen Häerz ausgeet, sech iwwer dat ganzt Vollek vum Härgott verbreet, jo iwwer déi ganz Mënschheet.”
Loosse mir äis ëmmer erëm nei mat Freed, Hoffnung a Glawen op dat Wesentlecht konzentréieren: Jesus Christus den äis als Kierch opfuerdert bei déi aner Mënschen ze goen, mat hinnen eis Zäit, eist Geld a virun allem de Schaz vun eisem Glawen ze deelen.
Den Opruff: ”Géi, ech schécken dech” soll an eisen Häerzer ukléngen, fir dass jiddereen vun äis aus dem Glawen eraus d’Fro stellt: “Här, wat wëlls Du, datt ech maache soll?”
+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
- Kardinolserhiewung . Création cardinalice
- Priedegten . Homélies
- Rieden & Interviewen . Discours & entretiens
- De Kalenner vum Kardinol . Le calendrier du cardinal
- Aktivitéiten . Activités
- Arcebispo do Luxemburgo vai presidir às cerimónias de 13 de Agosto em Fátima
- Cardinal Jean-Claude Hollerich
- Cardinal Jean-Claude Hollerich
- Cardinal Jean-Claude Hollerich nommé membre du Conseil Pontifical pour la Culture
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich geht am 13. August nach Fatima