lb fr pt en
Aktivitéiten 2015 . Activités 2015  
4. November 2015

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet d’Buch „130 Joer Kielener Kierch“ iwwerreecht kritt

D’Dokumentatioun vun der restauréierter Kierch, Wëssenswäertes iwwer d’Por a méi wéi 300 Fotoen

Aus den Hänn vum François Theis, President vun de Kielener Uergel- an Kierchefrënn, dem Sekretär Roger Waty an dem Fernand Back, Trésorier vum Veräin a Sekretär vun der Kierchefabrik, huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich de 4. November d’Buch „130 Joer Kielener Kierch“ am Bëschofshaus entgéint geholl.

Dëst Buch ass erauskomm bei Geleeënheet vun der Aweiung vun der restauréierter Kielener Kierch, der Refektioun vun den Altär an der Aweiung vun der neigemaachter Uergel. Et war virgesinn e Fotoband ze maache vun den Aarbechte bis zu hirem Ofschloss, mee am Laf vun der Zäit ass et e Buch ginn, well e Koup Saachen zesummekomm sinn, déi derwäert sinn, publizéiert ze ginn.

Den Här Äerzbëschof huet de Vertrieder vun de Kielener Uergel- a Kierchefrënn villmools merci gesot fir dëse Geste a fir hiren Asaz fir de lokale Patrimoine a si felicitéiert zu dëser ganz interessanter Publikatioun. Nieft de méi wéi 300 faarwege Fotoen vun de Restauratiounsaarbechten ëmfaasst d’Buch verschidden Texter, sou ënnert anerem iwwer d’Paschtéier vun der Par, d’Konschtschätz vun der Kierch, d’Weekräizer an d’kulturellt Liewen an der Gemeng.

De Präis vum Buch ass 40 Euro. Et ka bestallt gi beim Fernand Back, Tel. 309006, Mail stefer@vo.lu oder duerch Iwwerweisung op de CCP-Kont vun de Kielener Uergel- a Kierchefrënn asbl LU93 1111 2408 9039 0000.

D’Kielener Kierch: Sie ass 1880 gebaut gi mat de Steng vun der aler Parkierch, déi op Schéimerech stong (wou elo nach de Kierfecht ass, an de Chouer vun der aler Kierch haut als Morgue déngt). D’Gemeng huet immens vill Geld an d’Restauratioun vun der Kierch gestach fir eng nei Heizung, Ustrach, Wärmedämmung, Bläi-Verglasung vun de Fënsteren asw. D’Uergel- a Kierchefrënn hu Sponsore gesicht fir d’Altär nei ze maachen an d’Statuen an d’Hellegebiller nei opliewen ze loossen. Di meescht vun den Aarbechte si vun enger franséischer Kënschtlerin, der Mme Taillefert realiséiert ginn.

D’Uergel: Déi al Uergel ass am Joer 1900 vun de Gebridder Müller gebaut ginn; an de Joren 1962 an 1972 ass si vergréissert ginn, fir am Joer 2010-2011 komplett vun der Firma Westenfelder vu Lëntgen erneiert ze ginn.

D’Buch: Am Buch ass de Werdegang vun der Restauratioun dokumentéiert. D’Renovatioun huet ugefaang mat de Proposë vum Abbé Jungels (1994-2002), mee ass richtig ugaang ënnert dem Pastoralteamchef Abbé Martin Molitor (2002-2006) an dem Abbé Marcel Groff (2002-2003). D’Aarbechte sinn zu Enn gefouert ginn ënnert dem Abbé Jean-Pierre Reiners. All dës Aarbechte sinn am Buch dokumentéiert. Zugläich ass eng wonnerbar Beschreiwung mat Fotoe vun de Kiercheschätz, de Statuen, de Kleeder asw. dran. Et ass och eng Opstellung vun de Weekräizer (Wegkreuze) aus der Par Kielen, de Geeschtlechen, déi di lescht puer honnert Joer hei gewierkt hunn, den Uerdensschwësteren, déi aus der Par komm sinn asw. am Buch beschriwwen…

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu