lb | fr | pt | en |
“Mam Grand-Duc Jean verléiert Lëtzebuerg e Mënsch, dee sech e Liewe laang ganz an den Déngscht vun eiser Heemecht gestallt huet”
Reaktioun vum Här Äerzbëschof op den Doud vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean
A mengem eegenen Numm an am Numm vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg wëll ech der groussherzoglecher Famill an dësem schwéiere Moment eis déifst, chrëschtlecht Matgefill ausdrécken. S.A.R. de Grand-Duc Jean war e Staatschef, dee sech besonnesch duerch seng mënschlech Qualitéiten ausgezeechent huet an dee sech der Verantwortung vu sengem héijen Amt bewosst war. Enk verbonne mat dem Vollek huet hie sech a sengem Handele vun héije Wäerter leede gelooss an och op d’Hëllef vu Gott vertraut. Mam Grand-Duc Jean verléiert Lëtzebuerg e Mënsch, dee sech e Liewe laang ganz an den Déngscht vun eiser Heemecht gestallt huet. Mat déiwem Respekt a grousser Dankbarkeet soe mir him „Au revoir, Monseigneur !“
+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
- “Mam Grand-Duc Jean verléiert Lëtzebuerg e Mënsch, dee sech e Liewe laang ganz an den Déngscht vun eiser Heemecht gestallt huet”
- „Eng déifgräifend Neiuerdnung, déi di nächst Joerzéngten, wann net Joerhonnerten aschneidend markéiere wäert“
- Le Président Juncker dialogue avec les évêques de l’UE
- Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich neie President vum internationale Massendéngerverband
- Freundschaftliche Verbundenheit