lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
13. Juli 2023

Ass Gott en Ierbsenzieler?

Kommentar zum 15. Sonntag im Jahreskreis von Gérard Kieffer (16.7.2023)

Ass Gott en Ierbsenzieler?

Am Evangelium vum Sonndeg héiere mir d’Gläichnes vum Mënsch, dee séit. Et ass iwwregens eent vun de wéinege Gläichnesser, déi an allen Evangelien - bis op de Johannes - virkommen. Et ass och dat éischt Gläichnes, dat de Jesus verzielt.

« E Mann ass erausgaang fir ze séien. » Eng typesch Aarbecht vun engem deemolege Klengbauer. Beim Séien hëlt de Bauer eng gutt gefëllten Hand voll Som a street se iwwer de Buedem. Dobäi gëtt net gespuert. Mat vollen Hänn gëtt de Som verdeelt.

Allerdéngs héiere mir och, dass dräi Véierel vun der Aarbecht ëmsoss ass. Dat wär eigentlech Ulooss genuch fir d’Loscht un der Aarbecht ze verléieren. D’Gläichnes hält awer net mat Kloen a Frust op. Trotz dem realistesche Bléck op déi vill Kären, déi net opginn bleift de Fakt, dass dat véiert Véierel erstaunlech vill Fruucht bréngt.

Dëst Gläichnes seet vill doriwwer aus, wéi Gott ‘funktionnéiert’.

De Jesus huet net mat Enttäuschung nëmmen op dat gekuckt, wat ëmsoss war a keng Fruucht bruet huet, mee hien huet ouni Verdross weidergemaach, dat Gutt wéi d’Kären auszestreeën, am Vertrauen drop, dass en Deel vun de Kären - a wär et nëmmen e klengen Deel - scho Fruucht brénge wäert an dass dës Fruucht den Asaz lount.

Do stécht en duebelen Hiwäis dran: eemol fir d’Astellung zu eisem Liewen. Et gëllt, op der enger Säit éierlech zouzeginn, dass net alles, wat mir séien, gutt opgeet. Mee de Realismus dierf net dozou féieren, iwwer Mësserfolleger d’Erfolleger ze vergiessen. An dann: de Jesus erzielt an dësem Gläichnes eppes vu Gott a vu senger Wierklechkeet. Gott séit räichlech Som an eist Liewen. Awer net alles geet op. Villes verkëmmert. Offensichtlech wëllt hien sech awer doduerch net decouragéiere loossen och dat Villt ze gesinn, wat an eisem Liewen gutt opgeet.

Wéi d’Gläichnes weist, ass et d’Aart a Weis vu Gott, sech duerch Enttäuschunge mat eis net verféieren ze loossen, eis resignéiert opzeginn. Gott gesäit, wat mir villäicht heiansdo net méi gesinn.
Gott respektéiert eis Fräiheet iwwer alles. Hien zwéngt eis näischt op. Gott respektéiert eis Fräiheet, awer e gëtt nimools op. Dat ass eng zweet, oft verbuerge Säit vum Evangelium, eng ganz aner Perspektiv. Et geet nämlech net nëmmen ëm eis Mënschen, also ëm de gudden a schlechte Buedem, et geet virun allem ëm Gott, de Mann, dee séit. Deen ass ëmmer um Wierk. En hält ni op ze séien. Gott gëtt net op.

Geséit gëtt ëmmer, mat vollen Hänn. Gott ass jo keen Ierbsenzieler. E séit net mat schlechter Laun an ängschtlech, mee grousszügeg a fräi.

Ob mir elo op si fir hien oder net: Gott séit weider. Mir kënnen seng Offer unhuelen oder net. Hie gëtt jiddefalls net op.

Ech si Gott dankbar, dass hien net fir d’éischt d’Chancen ausrechent, déi et wäert ginn, wann hien seng gutt Wierder a Wierker a mäi Liewe séit. Ech sinn him dankbar, dass hien net knausert an ängschtlech berechent, ob et sech loune wäert.

Ech si Gott dankbar, dass hien net spuert a rechent.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu