lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
18. Februar 2024

D’Kierch als lieweg Gemeinschaft

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2024

Léif Bridder a Schwësteren am Glawen,

De Poopst François huet am September 2021, wéi hien d’Synod iwwer d’Synodalitéit lancéiert huet, Gemeinschaft - Communio als dat éischt vun dräi Stéchwierder genannt. Gemeinschaft, Participatioun a Missioun sinn déi dräi weesentlech Elementer duerch déi sech d’Kierch als Vollek Gottes konkreet a synodal manifestéiert an artikuléiert.

Mir schwätze vill vu Gemeinschaft a vu Gemeinschaften, mee wat menge mir domat? A gëtt et se iwwerhaapt bei eis an der Kierch? Wéi kënne mir, jidder Eenzelnen an alleguer zesummen, dozou bäidroen, datt d’Kierch als Gemeinschaft méi lieweg gëtt?

Um Ufank vun der Faaschtenzäit vum Joer 2024, dat de Poopst als e Joer vum Gebiet ausgeruff huet, a mat Bléck op déi zweet Vollversammlung vun der Synod zu Roum am Oktober, wëll ech mat Iech e puer Gedanken an Iwwerleeungen deelen zum Theema Kierch als lieweg Gemeinschaft.

Gemeinschaft – wat ass dat?

Gemeinschaft ass net ze verwiessele mat Institutioun. Eng Gemeinschaft ass eng méi oder manner grouss Grupp vu Männer a Fraen, Kanner, Erwuessener an eeler Persounen, déi net onbedéngt streng organiséiert an ofgegrenzt ass, mee déi villméi vun enger déiwer Verbonnenheet ënnertenee lieft. Et si Mënschen, déi sech och emotional matenee verbonne spieren. Fir datt Mënschen sech an enger Gemeinschaft wuel spieren, muss d’Atmosphär einfach stëmmen, de Kader häerzlech, respektvoll a schéi sinn. Do wou ee sech gebuergen an ugeholl spiert, kënnt een ëmmer erëm gären zréck, fir Zäit mateneen ze verbréngen an e Stéck Liewenswee zesummen ze goen.

Fir eng kierchlech Gemeinschaft kënnt dann nach eng aner, déi vertikal Dimensioun derbäi, déi mécht, datt mir net nëmmen ënnerteneen, mee och mat Gott verbonne sinn. E Kyrie-Ruff aus dem Missel vu Maria-Laach bréngt et op de Punkt: “Die Kraft zur Gemeinschaft und zum Verständnis fließt uns aus Deinem Heiligen Geist zu.“

Wa mir vun enger Par als “Gemeinschaft vu Gemeinschaften – communauté de communautés” schwätzen, da musse mir eis d’Fro stellen: Wat verbënnt eis fir d’éischt emol um mënschleche Plang mateneen? An duerno: Vertraue mir op d’Kraaft vum Hellege Geescht als Gottes guddem Geescht vun der Eenheet? An enger Par soll Raum si fir verschidden Zorte vu Gemeinschaften, klenger wéi grousser, méi lëtzebuergesch gepräägter an och méi interkultureller.

Mir doe gutt drun, un déi kleng Gemeinschafte vum Ufank vun der Kierch ze denken. Iwwer d’Urgemeinde, déi wärend der Synod nei an de Bléck geholl gëtt, steet an der Apostelgeschicht: “Die Menge derer, die gläubig geworden waren, war ein Herz und eine Seele.” (Apg 4,32) Dat kléngt aus haiteger Siicht vläicht idealiséiert. Trotzdeem sollte mir och haut nach versichen, an eise Gemeinschafte wéinstens zum Deel dovun ze liewen, wa mir authentesch Zeie vum chrëschtleche Glawe wëlle sinn.

Hei wëll ech och un déi schéin Definitioun vu Kierch als grouss Gemeinschaft vu Gemeinschaften erënneren, déi dat 2. Vatikanescht Konzil esou formuléiert huet: “Die Kirche ist ja in Christus gleichsam das Sakrament, das heißt Zeichen und Werkzeug für die innigste Vereinigung mit Gott wie für die Einheit der ganzen Menschheit.” (LG 1)

Gemeinschaft – wéi geet dat?

Et geet domat un, datt mir op de Jesus am Evangelium lauschteren a versichen, eist Liewen no sengem Wuert auszeriichten. De Jesus seet eis haut um 1. Faaschtesonndeg: “Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium!”

Gemeinschaft opbaue fänkt mat Bekéierung un. Ëmkéieren heescht eng selbstkritesch Distanz zu sengem Liewe sichen, et iwwerdenken, a wou et néideg ass, ëmzedenken an anescht ze gestalten. Dat ass dem Jesus säin alleréischt Wuert am Markus-Evangelium. Dofir verdéngt dat e besonnesche Stellewäert an eisem Liewen, am Liewe vu jidder chrëschtlecher Gemeinschaft, wéi och am Liewe vun der ganzer Kierch. D’Konzil sot, datt d’Kierch “stets der Reinigung bedürftig ist”. Fir mech als eenzele Chrëscht ass Ëmkéier ëmmer néideg, fir datt ech mir bewosst ginn, datt ech net Gott sinn a mech net iwwer déi aner ewech setzen dierf. An och d’Kierch dierf ni ophalen, sech ze préiwen an ëmzedenken. Si muss ëmmer erëm drun erënnert ginn, datt si selwer net d’Räich Gottes ass.

Den tschecheschen Theolog Thomas Halík huet wärend der Corona-Kris d’Buch geschriwwen Die Zeit der leeren Kirchen: Von der Krise zur Vertiefung des Glaubens. D’Kierch ass méi wéi Kiercheraim mat grousse Gottesdéngschter. Déi sinn erhiewend a wichteg fir eng Par a fir d’Diözees a fërderen och d’Gemeinschaft ënnerteneen a mat Gott. Ech ënnerstëtzen awer och voll a ganz kleng a lokal Gemeinschaften, an deenen d’Wuert Gottes lieweg ass, wou zesumme gebiet a gedeelt gëtt, sief et an engem sakrale Raum wéi och a klengen “Hauskierchen”. Trefft Iech och a klenge Gruppen, fir d’Wuert Gottes ze liesen an ze meditéieren, fir iwwer de Glawen ze diskutéieren, de Rousekranz oder d’Stonnegebiet mateneen ze bieden oder fir Anbetung ze halen. Notzt déi villfälteg Offeren an Äre Paren a Communautéiten, wéi och déi vill Formatiounen, déi d’Diözees proposéiert oder och vun aneren Acteuren an der Gesellschaft ugebuede ginn. Engagéiert Iech karitativ an Äre Poren a Gemeinschaften, an Zesummenaarbecht mat der Caritas oder anere karitativen Organisatiounen. Versiche mir also esouwuel um lokale wéi um diözesane Plang Gemeinschaft konkreet ze liewen an hir e mënschefrëndlecht a chrëschtlecht Gesiicht ze ginn.

D’Räich Gottes ass um Kommen, mee et ass nach net do. Fir ze hëllefen et opzebauen, gëllt ëmmer nees nei: “Denkt ëm a gleeft un d’Evangelium.”

Chrëschtlech Gemeinschaft – net ouni de Karfreideg an Ouschteren

D’Gesellschaft für deutsche Sprache huet an Däitschland “Krisenmodus” als Wuert vum Joer 2023 erwielt. Munnech rezent Krisen hu mir méi oder wéineger iwwerwonnen, wéi z.B. d’Kris am Bankesecteur oder d’Coronakris. Op der Dagesuerdnung stinn awer weiderhin d’Kris am Logement, politesch Krisen, d’Klimakris, Liewenskrisen, d’Mëssbrauchskris, d’Glawenskris, a sou weider.

Als Kierch an der Welt si mir vun all dëse Krisen net verschount. “Kris” kënnt vum griichesche Verb krino (κρίνω) – Ich unterscheide. An hirer 2000-järeger Geschicht huet d’Kierch scho vill Krisen iwwerstanen an dat soll eis encouragéieren. Dat geet awer gemengerhand mat Ëmkéier, Unerkennung vu Schold a Sënn zesummen an och mat Ëmdenken an Handelen, wéi dat z.B. bei der Mëssbrauchskris onëmgänglech ass. Och d’Glawenskris ass e grousst Theema, wat mir gemeinschaftlech ugoe mussen. Do ass en Discernement am Klenge wéi am Groussen néideg. An dat geet net ouni Réckbesënnung op eis Fundamenter am Glawen, besonnesch elo an der Faaschtenzäit.

Nieft den Naturkatastrophen, Kricher, Gewalt an Okkupatioun, déi d’Vollék Israel erlieft huet, ass déi dramateschst Kris vun där d’Bibel erzielt déi vum Karfreideg: D’Hiriichtung vum Jesus als Verbriecher um Kräiz. Enttäuscht si seng Jünger fortgelaf. Vill vun hinnen haten am Messias en neie politeschen Herrscher gesinn, deen den Okkupant verdreiwen an e Kinnekräich vu Muecht asetze géif. De Karfreideg ass eng endgülteg Ofso un all Muechtfantasie. Déi éischt Jüngerinnen a Jünger vum Jesus hunn e schmierzlecht Ëmdenken matgemaach: Gott ass anescht. Hie wierkt Heel net duerch Muecht a Gewalt, mee duerch d’Kräiz, aus renger Léift zu eis Mënschen. D’Begéinung mam operstanenen Här Jesus Christus gëtt zum eigentleche Gebuertsmoment vun der Kierch. D’Kierch als lieweg Gemeinschaft wuerzelt am Dout vum Jesus um Kräiz an a senger Operstéiung vun den Doudegen op Ouschteren.

De Poopst François invitéiert mat der Synod 2021-2024 gemeinsam ze discernéieren, wéi mir haut eng synodal a missionaresch Kierch kënne sinn, déi mat dem gekräizegten an operstanenen Här Jesus a mat der ganzer Mënschheet säit iwwer 2000 Joer ënnerwee ass.

2024: e Joer vum Gebiet mat Bléck op d’Hellegt Joer 2025

De Poopst François huet beim Angelusgebiet den 21. Januar d’Joer 2024 als e Joer vum Gebiet ausgeruff. “Wir beginnen heute das Jahr des Gebets: ein Jahr, das der Wiederentdeckung des großen Wertes und der absoluten Notwendigkeit des Gebets gewidmet ist, des Gebets im persönlichen Leben, im Leben der Kirche, des Gebets in der Welt.“ Et gëllt als Virbereedungsjoer op d’Hellegt Joer 2025 dat als Theema “Pilger der Hoffnung” huet. De Poopst wäert de 24. Dezember déi Helleg Paart vum Péitersdoum zu Roum opstoussen an domat dat Hellegt Joer opmaachen.

Eng ganz Rei Jubiläe ginn an deem Joer weltwäit an der Kierch gefeiert. Fir eis hei zu Lëtzebuerg fält de 400. Muttergottesjubiläum an d’Hellegt Joer. Et fänkt den 8. Dezember un, op deem de Pater Brocquart viru 400 Joer d’Statu vun der Tréischterin mat Jonken aus dem Jesuittekolléisch op de Glacis gedroen an do eng éischt Kapell gebaut hat. De Jubiläum schléisst dann de 25. Mee um Schlussoktavsonndeg 2025.

Beim Jesus sengem Kräiz stoung seng Mamm. Maria ass vun Ufank un als Mamm a Firspriecherin mat der Kierch als lieweg Gemeinschaft ënnerwee. Pfleege mir hir Veréierung an deene ville Formen, déi eis zu Lëtzebuerg eege sinn. Vertraue mir hir all eis Gemeinschaften un, déi kleng lokal wéi déi grouss.

Maria, Zeeche vun Hoffnung an Trouscht (Oktav 2023), Tréischterin am Leed, géi mat duerch d’Liewen, eis zum Geleet.

Lëtzebuerg, de 6. Februar 2024,
Gedenkdag vum Hl. Paul Miki und Gefährten, Märtyrer in Nagasaki

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2024
Domingos MARTINS
domingos.martins@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu