lb | fr | pt | en |
2. Faaschtesonndeg B
Mk 9,2-10
2 De Jesus huet de Péitrus, de Jakobus an de Johannes matgeholl an si op en héije Bierg gefouert, wou si fir sech eleng waren. Do gouf hie virun hiren Ae verwandelt,
3 an seng Kleeder goufe schnéiwäiss, esou wäiss, wéi kee Bleechert op der Welt se maache kann.
4 An den Elias ass hinnen erschénge mam Moses, an si hu mam Jesus geschwat.
5 Du sot de Péitrus zum Jesus: “Rabbi, et ass gutt, datt mir hei sinn; loosse mer dräi Zelter opriichten, eent fir dech, eent fir de Moses an eent fir den Elias.”
6 Hie wousst nämlech net, wat hie soe sollt, esou erféiert waren si.
7 Du koum eng Wollek, déi e Schiet op si gehäit huet, an aus der Wollek koum eng Stëmm: “Dat hei ass mäi Jong, an ech hunn hie gär; lauschtert op hien!”
8 Wéi si op eemol ronderëm sech gekuckt hunn, hunn si soss kee méi bei sech gesi wéi just nach de Jesus.
9 Iwwerdeems si de Bierg erofgaang sinn, huet de Jesus hinnen Uerder ginn, jo nëmme kengem z’erzielen, wat si gesinn haten, bis datt de Mënschejong vun den Doudegen operstane wär.
10 Dat hunn si sech verhalen, an dach hunn si ënner sech diskutéiert, wat dat heesche kéint: “vun den Doudegen operstoen”.