lb fr pt en
Sonndesmass  
9. März 2023

D’Mass vum 12. Mäerz gouf vu Mäertert iwwerdroen

Den 12. Mäerz um 3. Faaschtesonndeg gouf d’Sonndesmass vu Mäertert iwwerdroen. Et huet d’Chorale Mixte Ste-Cécile Mertert gesong, Dirigentin war d’Albena Petrovic, Organist den Emile Hau. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Mixte Ste-Cécile Mertert

De Gesangveräin « Chorale Mixte Ste Cécile Mertert » ass den 11. September 1970 gegrënnt ginn, wéi den « Cäcilienveräin » an de Kierchechouer, allen zwee Männerchéier, fusionéiert hun.
Wor de Gesang bis dato de Männer virbehale, sou konnten vun elo un och Fraen dem nei gegrënnte Veräin bäitrieden.
Mat onsem stëmmege Gesang an mat Freed gi mir de kierchleche Fester dee richtege Klang. Spirituell a weltlech Concerten stinn all Joer bäi ons um Programm. Eng Traditioun ass all Joer onsen Concert am Advent.
Wien Spaas um Gesank an Gesellegkeet huet ass bäi ons häerzlech wëllkomm.

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Improvisation sur le chant d‘entrée Emile Hau
Agangslidd Christ aujourd’hui nous appelle Michel Wackenheim
Kyrie Messe de l’Abbaye Arr. René Ponchelet
Tëschegsank Changez vos coeurs Jean-Paul Lécot
Gowelidd Meine Zeit steht in Deinen Händen Peter Strauch
Sanctus Messe de l’Abbaye Arr. René Ponchelet
Agnus Dei Dona nobis pacem (canon) Wolfgang Amadeus Mozart
Kommioun Für mich gingst Du nach Golgatha Margret Birkenfeld
Schlusslidd Victoire David Julien
Sortie Fantaisie: Nun danket alle Gott Jan Mulder

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu