lb fr pt en
Sonndesmass  
24. März 2022

Op Halleffaaschten gouf d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 27. Mäerz gouf vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Kantor ass de John Weber. Organist a Virsänger ass den Abbé Joël Santer, Organistin d’Katarína Strajtová. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass ’Laetare’ - ’Free dech’

Och op Halleffaaschten gëtt d’Mass aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroën. „Laetare“ – „Free Dech“. Mir stinn mam Halleffaaschtesonndeg scho vill méi no bei der Karwoch. A just virdrun gi mer drunn erënnert, dass no allem Schrecklechen, wat op de Jesus duerkënnt, d’Ouschterliicht schon erduerchliicht.
Duerfir gëtt aus dem däischtere Violett bei de liturgesche Kleeder jo een zaart Rosa. An am Liicht vun Ouschteren gi mer opgeruff, äis ze bekéieren. Et ass nie ze spéit, ee Wee mat Gott ze goën. Duerfir soll de Refrain vum Ufankslidd äis encouragéieren: « Et repartir à zéro, Et repartir à zéro, Avec Jésus pour berger. Et repartir à zéro, Et repartir à zéro, Avec Jésus pour berger. »

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd
Agangslidd Tu peux naître de nouveau Issu du recueil « J’aime l’Eternel vol. 1 »
Kyrie Kyrie XVII LD 341
Gloria - -
Ruff virum Evangelium Lob sei dir, Herr Magn. 173-1
Credo gebiet
Offertoire Choralvorspiel « Herzliebster Jesu » J. Brahms
Sanctus Sanctus XVII LD 342
Agnus Dei Agnus XVII LD 343
Kommioun Perinbaba Petr Hapka*
Schlusslidd Du aus Davids Stamm geboren LD 532
Sortie Triumpfmarsch nach Jerusalem Robert W. Thygerson

* Op der Uergel: Katarína Strajtová

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu