lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
6. August 2016

„Fäert net, du klengen Trapp!“

07.08.2016

Lk 12, 32-48

De leschte Saz vum leschte Sonndeg, dat ass den Ufank vum Evangelium vun haut. Wann een him misst en Thema ginn, da kënnt een vläicht sech beruffen op de Jakobusbréif, deen am 2,17 schreift: „Ainsi en est-il de la foi: si elle n’a pas les œuvres, elle est tout à fait morte.“

Jo, ,la foi et les œuvres‘: sou kënnt een dat resuméieren wat d’Wuert vum Herrgott eis op dësem Dag seet. Et ass eist deeglecht Liewen, wat hei beschriwwe gëtt. Mir gleewen u Gott, mir si geruff fir duerch d’Gebiet, duerch d’Handelen, duerch eist Liewen seng Botschaft ze manifestéieren. ,Action et contemplation‘ war den Titel vun engem Buch vun Taizé. Mä wéi ass dat? Wéi kënne mer dat maachen? Hien wëllt eis aus der Routine erauskréien, den Herrgott, dee Jesus do. An e gëtt sech net fir seng Apostelen ëmmer erëm drun z’erënneren, datt et ëm e Liewen aus der Aarmut geet. De Poopst Franziskus probéiert dat jo och ëmmer, e seet dat op Schrëtt an Trëtt.

Haut steet dee ganz wichtege Saz am Ufank: „Fäert net, klengen Trapp, well de Papp am Himmel huet et fir richteg fonnt, iech dat Räich z’iwwerginn.“ Dat heescht, de Papp am Himmel wëllt eis an d’Vollkommenheet, an d’Gléck, an d’Heel, an d’Räich Gottes eraféieren. Awer dat verlaangt vun eiser Säit eng Attitude, datt mer eis entlaaschte vun all deem, wat eis dorunner hënnert, fir esou disponibel ze ginn fir déi Gow, déi den Herrgott eis schenke wëllt. Loosse mer eis mol eng Kéier drun erënneren: Mir si Kreaturen, dat heescht mir kënnen eis net selwer schafen. Vun Ufank un vun eiser Existenz si mer also dorop ugewisen datt een eis Eppes schenkt. Sou kréie mer schonn d’Liewe geschenkt. Mir mussen also aus der Léift gebuer si, fir iwwerhaapt kënne Léift weiderzeverschenken. Den hl. Paulus seet spéider eng Kéier: „Wat hues du, wat’s de net kritt hues?“

Déi richteg Aarmut, sou wéi de Jesus se mengt, besteet also net doran datt mer kee Geld hunn, näischt z’iessen an näischt ze drénken hunn an iergendwou do leien a stierwen, domadder komme mer net weider. Se besteet doranner, datt mer unerkennen, datt mer vun der Léift am Liewen ofhängeg sinn. Wa mer dës Ofhängegkeet refuséieren, wa mer also menge mir wären déi, déi alles kënnte maachen, jo dann schléisse mer eis an eis selwer an, an dréien ëm eis selwer. Dann erstécke mer op eemol un deem, wat mer menge wat mer misste maachen, an hunn, a kréien.

Et kann een et och anescht ausdrécken. Mir sinn agelueden net ze vergiessen, datt alles wat mer hunn, mol fir d’éischt e Geschenk ass. Mir sinn net Proprietairë vun eisem Liewen. Mir sinn, wann een et esou wëllt, Nutzniesser, Verwalter dervun. De Papp am Himmel huet eis vertraut, datt mer dëst Geschenk sollen benotzbar maachen an zwar op eng besonnesch Aart a Weis. Dat géif eis nämlech ewech hale vun deem Besëtzdenken, wat eis oft drun hënnert fir un déi aner ze denken. Ëmmer erëm solle mer léieren, an nei léieren, ze kréien an dann och ze ginn.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu