lb fr pt en
 
28. März 2024

Op(er)stoen

Kommentar zu Ouschteren vum Marc Bellion op (31.3.2024)

Et kënnt alt vir datt Mënschen nei Saachen erfannen, fir déi et dann nach keen Numm gëtt. Et kann een dann engem Wuert dat et schonns gëtt eng zousätzlech Bedeitung ginn, zum Beispill „Fënster“, fir eng délimitéiert Zoon op engem Compterbildschierm an deer e Programm aktiv ass, oder awer en neit Wuert muss erfonnt ginn, zum Beispill „Laser“ fir eng monochromatesch, kohärent Liichtquell.

Als Chrëschte gleewe mer datt et viru laanger Zäit en Evenement gouf dat nach kee gesinn hat, fir dat et also och nach kee Wuert gouf. Dem Jesus säi Graaf war eidel. D’Leit hate gesinn dat hien um Kräiz gestuerwen war an datt hien an dat Graaf geluecht gi war. Mee et war och séier kloer fir d’Leit datt dem Jesus säin doudege Kierper net einfach verschwonne war, mee datt hien lieweg d’Graaf verlooss hat. Hie war vum Doud an d’Liewen zeréckkomm an dofir gouf et natierlech nach kee Wuert, esoueppes war nach ni virkomm. Fir d’Auteure vun de bibleschen Texter waren „erwechen“ an „opstoen“ déi 2 Konzepter déi si benotzt hu fir dat wat do geschitt war ze beschreiwen. No an no gouf haptsächlech d’„Opstoen“ benotzt an et gouf mat der Zäit „Operstoen“, well opstoe mecht ee jo all Dag, operstoen ass eppes ganz aanescht.

„Operstoen“ ass net wierklech an den deeglege Vokabular iwwergaang, heiansdo seet een ebessi am Witz datt een operstaan ass, zum Bespill, deen deen no enger Mogripp nees zou sech kënnt. Mee soss gebraucht een et éischter net. Heescht dat datt mir net genuch operstinn? Kënne mir iwwerhaapt operstoen? Als Chrëschte gleewe mer, datt mir och wäerten operstoen, iergendwann nodeems mer gestuerwe sinn, fir dann och als ganz Persoun beim Härgott ze sinn. Mee ass do virdrun näischt méigelech? Ech mengen an hoffen datt d’Leit och alt am klengen a bildhaft Opersteeung am Alldag erliewe kennen, net nëmme wann een eng Zäitche flaach luch, mee ëmmer da wann een eppes iwwerwonnen huet wat een um richtege Liewe gehënnert huet, en typescht, a schonns relativ grousst Beispill wier et eng Sucht iwwerwonnen ze hunn oder en décke Sträit bäigeluecht ze hunn.

Villäicht kennt der déi liicht provokant Fro „gëtt et Liewe virum Doud?“. Alles wat eist ierdescht Liewen, also eist Liewe virum Doud, méi lieweg mecht, alles wat et manner aschränkt a méi fräi mécht, ass an engem gewesse Senn Opersteeung, en Iwwergang vun der Däischtert an d’Liicht. Mir packen et net ëmmer eleng esou eng kleng Opersteeungen hinzekréien, mee mat der Hëllef vun eise Matchrëschte geet et schonns méi liicht. Awer virun allem därfe mer ni vergiessen datt dem Jesus seng grouss Opersteeung eng Sogwierkung huet, net nëmme fir no eisem Doud, mee, falls mer et zouloossen, och schonns hei op der Äerd, ebe fir alles dat wat eis méi lieweg ka maachen. Sech u Christus festhalen mécht datt een ëmmer mat no uewe gezu gëtt.

Oueschteren gëtt esou zum Fest vun der Opersteeung an vum Liewen an all hieren Dimensiounen. Christus deen den Doud iwwerwennt ass bei eis wa mer wëllen eppes iwwerwannen dat eis éischter zum Stierwen hinzéit wéi zum Liewen.

fr. Marc BELLION op
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu