lb | fr | pt | en |
Geburt vum Hl. Johannes den Deefer ABC
Lk 1,57-66.80
57 Wéi et fir d’Elisabeth un der Zäit war, fir nidderzekommen, huet si e Jong kritt.
58 D’Noperen an d’Famill hunn héieren, datt den Här un hir säi grousst Erbaarme gewisen hat, an si hunn sech mat hir gefreet.
59 Deen aachten Dag koumen si, fir d’Kand ze beschneiden, an si wollten him sengem Papp säin Numm Zacharias ginn.
60 Dem Kand seng Mamm awer sot: “Op kee Fall! Hie gëtt Johannes genannt!”
61 Du soten si zu hir: “Et ass dach keen an denger Famill, deen esou heescht!”
62 Dueropshin hunn si op säi Papp gekuckt an duerch Zeeche gefrot, wéi hie wéilt, datt d’Kand genannt géif.
63 Hien huet sech eng Tafel gi gelooss an drop geschriwwen: Johannes ass säin Numm. Doriwwer hunn si sech alleguer gewonnert.
64 Am selwechten Ament huet den Zacharias d’Sprooch erëmkritt a konnt nees schwätzen, an hien huet den Herrgott gelueft.
65 All hir Noperen hunn et mat der Angscht ze doe kritt, an iwwerall an de Bierger vu Judäa gouf vun all deem erzielt, wat geschitt war.
66 Alleguer deenen, déi dervun héieren hunn, ass et zu Häerz gaang, an si hunn sech gefrot: “Wat soll aus deem Kand do ginn?”, well den Här war mat him.
80 D’Kand awer ass gewuess an ass staark ginn am Geescht, a bis deen Dag, wou hie virun Israel getratt ass, huet hien an der Wüüst gelieft.