lb fr pt en
Sonndesmass  
4. August 2022

D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf de 7. August vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass de 7. August gëtt vun Habscht iwwerdroen. D’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht séngt d’Mass. Organist a Virsänger ass den Abbé Joël Santer. Kantor ass den Änder Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass zu Habscht

Plëtzlech an onerwaart, sou huet vill Mënschen d’Coronapandemie getraff. Si konnten sech an enger moderner Welt net virstellen, dass eppes eise medezinesche Fortschrëtt sou erausfuerdere géif. Plëtzlech an onerwaart koum fir vill Mënschen den Iwwerfall vu Russland op d’Ukrain. Si konnten sech an enger global verbonnener Welt net virstellen, dass ee Land sou een Ugrëffskrich féiere géif.

Plëtzlech an onerwaart – sou liese mer oft an Doudesannoncen. Mir wëssen net, wann eis Stonn schléit. Waakreg a wuechtsam ze sinn, dat ass noutwendeg, an der Gesellschaft wéi an der Politik, awer gradesou an eisem perséinleche Liewen. An äis ausriichten op deen, deen d’Zil vun eisem Liewen ass.

Sou freeë mer äis, fir och um 19. Sonndeg am Joreskrees mat Iech zesummen d’Sonndesmass aus der Habschter Nikloskierch feieren ze kënnen.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Praeludium in C dur (BWV 547) J. S. Bach
Agangslidd Komm her, freu dich mit uns Magn. 519
Kyrie Kyrie LD 125
Gloria Gloria LD 146
Alleluja Halleluja LD 192
Credo gebiet
Offertoire Uergel
Sanctus Saint! Saint! Saint LD 243
Agnus Dei Agneau de Dieu LD 279
Kommioun Improvisatioun iwwer « Wer glaubt ist nie allein »
Schlusslidd Wer glaubt ist nie allein H. Horoba/C. Dostal
Sortie Fuga in C dur (BWV 547) J. S. Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu