lb | fr | pt | en |
7. Ouschtersonndeg C
Joh 17,20-26
20 De Jesus huet an den Himmel opgekuckt an huet gebiet: "Hellege Papp, ech froen net fir si hei eleng, ma och fir déijéineg, déi duerch hiert Wuert u mech gleewen:
21 datt si alleguer eent sinn, esou wéi s du, Papp, a mir an ech an dir; datt och si an äis sinn, fir datt d’Welt gleeft, datt s du mech geschéckt hues.
22 Déi Herrlechkeet, déi s du mir ginn hues, hunn ech hinne ginn, fir datt si eent sinn, esou wéi mir eent sinn,
23 ech an hinnen an du a mir; fir datt si vollkommen eent sinn, fir datt d’Welt erkennt, datt s du mech geschéckt hues an datt s du si gär hues, esou wéi s du mech gär hues.
24 Papp, ech wëll, datt do, wou ech sinn, och déijéineg, déi s du mir ginn hues, bei mir sinn, fir datt si meng Herrlechkeet gesinn, déi ech vun dir kritt hunn, well s du mech scho gär has, nach éier d’Welt geschafe gouf.
25 Gerechte Papp, d’Welt huet dech net erkannt, ma ech hunn dech erkannt, an si hunn erkannt, datt s du mech geschéckt hues.
26 Ech hunn hinnen däin Numm bekannt gemaach, an ech maachen e weiderhi bekannt, fir datt déi Léift, déi s du fir mech hues, an hinnen ass, a fir datt och ech an hinne sinn."