lb fr pt en
Sonndesmass  
17. Juni 2021

D’Mass um 12. Sonndeg am Joreskrees gouf den 20. Juni vun Éinen iwwerdroen

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 20. Juni aus der Kierch vun Éinen iwwerdroen. D’Mass gouf als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl. De Vokalensemble “Sainte Cécile Ehnen” huet gesong a gouf begleet vum Organist Pol Wio.

De Vokalensembel Ste Cécile Ehnen

De Vokalensembel Ste Cécile Ehnen féiert, a klenger Besetzung, d’Traditioun vun der Chorale Ste Cécile Ehnen weider, déi am Joer 1852 gegrënnt gouf an déi ganz laang de Mëttelpunkt vum kulturelle Liewen am Muselduerf war.
Den Ensembel ënnerhält an erneiert virun allem de Muselrepertoire, z.B. mat senger neier CD „Léiderschall am Museldall“, hie séngt och regelmässeg klassesch Concerten a Massen an encadréiert kulturell Manifestatiounen.
Den Organist Paul Wio ass e Schüler vum Carlo Hommel. Hien ass Dirigent an Organist vun e puer Choralen an hien ersetzt ëmmer erëm an der Kathedral.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée / Uergel Praeludium C-Dur Anton Bruckner
Agangslidd O hätt ich tausend Zungen nur C.M. Lyngham/C. Wesley
Kyrie Messe in C „Windhaager Messe“ Anton Bruckner
Gloria Messe in C „Windhaager Messe“ Anton Bruckner
Alleluia Louez Dieu tous les peuples Irlandaise (O’Carroll)
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Nu loos et an dir stëll gin Jos Kinzé
Sanctus Messe in C „Windhaager Messe“ Anton Bruckner
Anamnes Jesus Christus, operstane vum Doud N. Colombier/L. Kirsch
Agnus Dei Messe in C „Windhaager Messe“ Anton Bruckner
Kommioun Locus iste Anton Bruckner
Schlusslidd Ons Heemecht J.-A. Zinnen/M. Lentz
Sortie Sortie brève Nr. 4 Jos Kinzé

Et séngt de Vokalensemble “Sainte Cécile Ehnen”
Uergel: Pol Wio

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu