lb | fr | pt | en |
D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen
Den 13. August gouf d’Sonndesmass vun der Giischterklaus iwwerdroen. Et huet d’Chorale Mary’s Sisters and Friends mat de Solisten Nicole Koob a Josiane Mirkes gesong. Dirigent war den Thomas Osborne, op der Uergel begleet de Jos Majerus. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Mary’s Sisters and Friends
Et ass schonns zu enger Traditioun ginn: d’Muttergotteswoch op der Giischterklaus (13.2-21. August 2023) gëtt mat enger Tëleesmass feierlech lancéiert!
Iwwer d’Joren hunn ënnerschiedlech Ensembelen d’gesanglech Animatioun vun der Tëleesmass iwwerholl: eng gregorianesch Schola oder ad hoc gemëschte Chéier oder Gemeindegesang… alleguer zielen se zum Frëndeskrees vun der Kapell op der Klaus. Vun Ufank un wierkt de Basilika Organist Jos Majerus mat Begeeschterung a Kompetenz mat!
Dëst Jor ass et un engem Grupp vu Fraen, dee fir d‘éischt bäi der Animatioun vum Weltgebiedsdag vun de Fraen zu Berdorf am Maerz aktiv wor an deen duerno zesumme mat senge Frënn als gemëschte Chouer bäi der Gestaltung vu Kommuniounen an vun der Firmung an der grousser Por Iechternach bedeelegt wor.
Spontan krutt de Fraëchouer den Numm « Mary’s Sisters ». Musikalesch schléissen sie keng RIchtung aus, wéi de Programm vun der Tëleesmass et undeit mat Wierker vu Mendelssohn a Fauré (fir Fraechouer), sowéi mat zäitgenössege Kierchelidder (gemëschte Chouer).
« Mary’s Sisters » mat hire Frënn sti bewosst an engagéiert an der Linn vun de « Scharen von Schwestern und Brüdern im Glauben », déi offen Aan fir d’Liewe vun haut hunn an awer de Luewgesank noklënge loossen, deen d‘ Maria schonns deemols gesongen huet!
Eng haerzlech Aluedung op d’Tëleesmass an op d’ganz Muttergotteswoch op der Klaus!
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Präludium pro Organo pleno in F | Johann Ludwig Krebs |
---|---|---|
Agangslidd | Girster Pilgerliedlein, vv. 1-3 | P. Schilling |
Kyrie | Messe basse (rév. 1906) | Gabriel Fauré |
Gloria | Missa de Angelis | Magn 406 |
Tëschegesank | Hebe deine Augen auf | Felix Mendelssohn-Bartholdy |
Alleluja | Alléluia, ton appel | Marc Ginot, Jo Akepsimas |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Tournent ces grains de chapelet | "Jean-Claude Gianadda; Harm. Jean-Serge Schwartz" |
Sanctus | Messe basse (rév. 1906) | Gabriel Fauré |
Anamnes | Magn 360,5 | |
Agnus Dei | Messe basse (rév. 1906) | Gabriel Fauré |
Kommioun | Versets sur “Ave, maris stella” | Paul Benoit |
Schlusslidd | Gottes Lob wandert | Jürgen Henkys, Manfred Schlenker |
Uergel: Sortie | Fuga in g BWV 542 | Johann Sebastian Bach |