lb fr pt en
Sonndesmass  
25. August 2022

D’Mass um 22. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Kierchen iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 28. August gouf um 9 Auer vu Kierchen iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain huet ënnert der Leedung vum Edmond Kremer gesong, begleet op der Uergel vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach.

De Gesank Kierchen-Beesslek gouf den 29. Juli 1945 gegrënnt. Bal 80 Joer méi spéit engagéiere sech aktuell 8 Sänger a Sängerinnen an der Chorale Sainte-Cécile. Geprouft gëtt reegelméisseg mëttwochs owes. De Gesank gëtt vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach op der Uergel begleet an den Edmond Kremer ënnerstëtzt eis reegelméisseg als Dirigent. Nei Membere si jidderzäit häerzlech wëllkomm.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Grand Chœur on „Diadem“ Pietro Cattaneo
Agangslidd Quel bonheur de servir et d’aimer Laurent Grzybowski
Kyrie Messe en Sol Elénore Mattern
Gloria Gloire à Dieu dans le Ciel
Zwëschegesank Alléluia
Credo gëtt gebiet
Offertoire Verwandle die Gaben M. Ehrhardt / R. Haas
Sanctus Paroquia de Sao Pedro do Prior Velho
Agnus Dei Messe en Sol Elénore Mattern
Kommioun Le voici, le Don de Dieu C. Bernard/M. Wackenheim
Schlusslidd Frieden in der Welt F. Bald/B. Stallmann
Sortie Toccata Gaston Béiler

Gesank: Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain
Dirigent: Edmond Kremer
Organistin: Nathalie Lamberty-Brachtenbach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu