lb fr pt en
Sonndesmass  
1. September 2022

D’Mass um 23. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass de 4. September gouf vun Habscht iwwerdroen. D’Patricia Frères huet gesong, op der Uergel begleet vum Abbé Joël Santer. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 10.30 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass zu Habscht

Dëse Sonndeg gëtt d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroen. Et séngt d’Patricia Frères, eng lëtzebuergesch Sopranistin mat enger ongewéinlecher, ausdrocksstaarker, emotionaler Stëmm. Si ass éischter op de Bühne vun der Oper a vum Musekstheater am Ausland doheem. Dat hält si awer net of, dëse Sonndeg mat hirer waarmer Stëmm all déi ze begeeschteren, déi d’Sonndesmass mat der chrëschtlecher Gemeinschaft zu Habscht matfeieren. Och hir Stëmm wëllt „Gottesdéngscht“ sinn, an esou wëllt si dozou bäidroen, dass mer all duerch d’Konscht vum Gesang nach méi am Häerz getraff ginn. Op der Uergel gëtt si begleet vum Abbé Joël Santer.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwwer d’Agangslidd
Agangslidd Wer glaubt ist nie allein H. Horoba / Ch. Dostal
Kyrie Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung Alois Edendorf
Gloria Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung Alois Edendorf
Alleluja Alléluia LD 206
Credo Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung Alois Edendorf
Offertoire Dir, dir, Jehova, will ich singen J. S. Bach (14)
Sanctus Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung Alois Edendorf
Agnus Dei Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung Alois Edendorf
Kommioun Jesu, Jesu, du bist mein J. S. Bach (34)
Schlusslidd Je vous salue, Marie LD 522
Sortie Praeludium & Fuga » (BWV 556) J. S. Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu