lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 19. Mäerz gouf vum Belval iwwerdroen
Den 19. Mäerz um 4. Faaschtesonndeg gouf d’Sonndesmass vum Belval aus der Kapell vum Foyer Saint-Jean-Paul II iwwerdroen. Et huet d’Fraternité Verbum Spei an d’Famill Camposeo gesong. Um Keyboard huet de Gabriele Camposeo gespillt. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Danksagungsmass fir zeng Joer Fondatioun Sainte-Irmine
Am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der Fondatioun Sainte-Irmine gouf d’Tëleesmass um 4. Faaschtesonndeg aus der neier Kapell vum Foyer Saint Jean-Paul II um Belval iwwerdroen. De Weibëschof Msgr. Leo Wagener stoung der Feier vir. D’Mass gouf gehale fir all lieweg a verstuerwen Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine, a besonnesch vum Projet “Tëleesmass”.
D’musikalesch Gestaltung vun der Feier louch an den Hänn vu Bridder vun der Fraternité Verbum Spei (Fr. Alban, Fr. Augustin, Fr. Raphaël), déi sech um Site vum Belval ëm d’Studentepastoral këmmeren, a vu Membere vun der Famill Camposeo (Diakon Michele, Emanuela, Rosamaria a Gabriele). D’Isabella an de Michele Camposeo sinn hei zu Lëtzebuerg d’Responsabel vum Weltwäite Gebietsnetz vum Poopst.
D’Texter vun de Lidder fannt Dir op engem Lidderblat op www.irmine.lu .
D’Tëleesmass lieft zanter 2017 virun allem vun der Generositéit vu ganz ville Leit; pro Mass gi 5.000 Euro gebraucht. Fir datt ganz vill Leit, dorënner besonnesch krank an eeler Matchrëschten, och an d’Zukunft d’Sonndesmass via d’Medie matfeiere kënnen, ass all Ënnerstëtzung méi wéi wëllkomm (Kont vun der Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 - Mentioun: Tëleesmass).
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Prélude | Gabriele Camposeo |
---|---|---|
Agangslidd | Viens Esprit de Dieu | Michele Camposeo |
Kyrie | Kyrie 22 | Michele Camposeo |
Tëschegsank | Le Seigneur me conduit, je ne manque de rien | Psaume 22 |
Alleluja | Gloire et louange à toi (repris après l’évangile) | |
Gowelidd | Je suis la lumière du monde | |
Sanctus | Saint Saint Saint | Michele Camposeo |
Anamnes | Il est grand le mystère de la foi | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | Michele Camposeo |
Kommioun | Tu es mon Dieu | Michele Camposeo |
Da pacem Domine | (Néhémie 4,20) | |
Schlusslidd | Jeune fille de Galilée | Michele Camposeo |
Sortie | The name of life | Joe Hisaishi |