lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 3. Faaschtesonndeg gouf vu Manternach iwwerdroen
Den 3. Mäerz gouf d’Houmass vu Manternach iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile vu Manternach huet ënnert der Direktioun vum Roby Mehlen gesong, begleet op der Uergel vum Marcel Weis. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Lellig / Manternach
D’Chorale Sainte-Cécile vu Manternach ass 1893, déi vu Lelleg 1902, béid als Männerchouer gegrënnt ginn. 1969 ass ënner dem Impuls vum Paschtouer Arthur Joseph Reckinger d’Erweiderung vum Männergesank op gemëschte Chouer geschitt. 1990 hunn déi zwou Choralen decidéiert, zesummen ze sangen, eng Zesummenaarbecht, déi bis elo bestens funktionéiert huet.
Mir sangen Sonndes- Feierdags-, Begriefnes- an Hochzäitsmassen. Donieft awer geleeëntlech och weltlech Lidder. Jiddfereen dee Freed um Gesank huet, ass häerzlech wëllkomm.
Dirigent ass de Roby Mehlen, iwwerdeems de Norbert Weydert an den Ernest Santer meestens fir d’Uergelbegleedung suergen. D’Teleesmass vum 3. Mäerz begleet de Marcel Weis, Titularorganist zu Maacher.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Improvisatioun op d‘Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Wohin soll ich mich wenden | Franz Schubert |
Kyrie | Messe solennelle | Fernand Jung |
Tëschegesank | Souviens toi de Jésus Christ | Lucien Deiss |
Lob Dir Christus, König und Erlöser | Magn. 562 | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Eis Äerd déi ass schéin | J.P. Rollinger / M. Weis |
Sanctus | Messe solennelle | Fernand Jung |
Anamnes | Jesus Christus operstane vum Doud | N. Colombier / L. Kirsch |
Vater unser | Eise Papp am Himmel | L. Krein |
Agnus Dei | Messe solennelle | Fernand Jung |
Kommiounslidd | Par Ton corps | L. Guillou |
Schlusslidd | Je crois en Toi | G. Darcy |
Uergel: Sortie | Fuga in G | J.S. Bach |