lb fr pt en
Sonndesmass  
1. Februar 2024

D’Sondesmass um 5. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Beetebuerg iwwerdroen

De 4. Februar gouf d’Houmass vu Beetebuerg iwwerdroen. D’Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg hunn ënnert der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen gesomg, begleet op der Uergel vum Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg

Gegrënnt am Joer 1920 als Männergesangveräin an 1945 als gemëschte Chouer ugemellt.
Zënter 1996 läit d‘Direktioun vun der Chorale an den Hänn vum Nancy Back-Kelsen. Si bréngt et fäerdeg, datt eng 75 Sängerinnen a Sänger mat Freed an der Sängerfreed sangen.
De Repertoire vun der Chorale begräift e grousse Spektrum vu weltleche Wierker, mee de Succès vun der Chorale Sängerfreed kënnt gréisstendeels vun der geeschtlecher Musek.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Introduktion
Agangslidd Jubilez, criez de joie Fr. J.-B. du Jonchay
Kyrie Pastoralmesse Robert Führer
Gloria Pastoralmesse Robert Führer
Tëschegesank Un monde meilleur Anton Dvorak
Alleluia Alleluia W. A. Mozart
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Panis angelicus Gruber
Sanctus Pastoralmesse Robert Führer
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Wir sind Menschen einer Erde Michael Schmoll
Kommiounslidd O salutaris Cath. D’Orléans
Schlusslidd Siyahamba Zulu-Song d’Afrique
Uergel: Sortie Finale “Grande pièce symphonique” César Franck

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu