lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Bruch iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 20. Oktober, um 9 Auer aus der Kierch vu Bruch (Miersch) iwwerdroen. De Sängerbond Bruch huet ënnert der Leedung vum Roger Ries gesongen, op der Uergel huet den Henri Bausch begleet.
De Sängerbond Bruch
Wéi am Joer 1906 d’Duerf Bruch no zéiem a laangem Asaz staatlech unerkannte Par ginn ass, huet sech de Männergesank aus dem Duerf lues a lues organiséiert. Et huet awer bis an déi schwéier Zäit vum 1. Weltkrich era gedauert, bis 1915 den heitege “Sängerbond Bruch” offiziell gegrënnt ginn ass.
1962 ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn.
Grad esou wéi an de määschten aneren Dierfer a Stied mécht sech de Bricher Kierchechouer Suergen ëm den Nowues.
De Sängerbond Bruch gëtt sech awer vill Méi, mat Hëllef vu Sänger aus den Nopeschchéier d’Gottesdingschter an der grousser neier Par Äischdall-Helpert St-Willibrord musikalesch ze gestalten.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Magnificat II, Opus 18, no 11 | Marcel Dupré |
---|---|---|
Agangslidd | Nun Freunde, fangt zu singen an | Pilz-Lohrmann |
Kyrie | IV. Choralmass “Cunctipotens genitor Deus” | |
Gloria | IV. Choralmass “Cunctipotens genitor Deus” | |
Alleluja | Alleluja, vive Dieu | J. Akepsimas |
Credo | III | |
Gowelidd | Let us break bread together | Negro Spiritual |
Sanctus | IV. Choralmass “Cunctipotens genitor Deus” | |
Anamnèse | LD 264 | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | IV. Choralmass “Cunctipotens genitor Deus” | |
Kommuniounslidd | Gegrüßet Maria | J. Brahms |
Schlusslidd | Rosenkranzkönigin | LD 517 |
Sortie: Uergel | Magnificat VI, Opus 18 no 15 | Marcel Dupré |
Chouer: Sängerbond Bruch
Dirigent : Roger Ries
Organist: Henri Bausch