lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Foulscht iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, de 7. Oktober, um 9 Auer aus der Kierch vu Foulscht iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Folschette huet ënnert der Leedung vum Claire Garçon-Wio gesongen, op der Uergel huet de Pol Wio begleet. Op der Trompett huet d’Jil Wio gespillt.
Chorale Sainte Cécile Folschette
Zënter 134 Joer ass de Foulschter Gesank als Kierchechouer aktiv, sief et fir d’Sonndesmassen, d’Festdeeg, Hochzäiten oder Begriefnisser gesanglech ze encadréieren.
Awer och weltlech Concerte stinn op eisem Programm, sou zum Beispill den 13. Oktober 2018, wann et heescht “Foulschter Gesank and friends in concert”. D’Zesummenaarbecht mat anere Chéier aus dem In- an Ausland souwéi d’Jugendaarbecht ginn am Foulschter Gesank regelméisseg gefleegt.
Eng Traditioun fir déi ronn 25 Sängerinnen a Sänger ass eise Chrëschtconcert um 4. Adventssonndegowend.
De Répertoire vum Foulschter Gesank ëmfaasst Lidder aus deene verschiddensten Epochen a Stilrichtungen, woubäi dem Gospel eng besonnesch Plaz zoukënnt.
Geprouft gëtt freides owes an nei Sängerinnen a Sänger si jidderzäit wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisation sur le chant d’entrée | |
---|---|---|
Agangslidd | Let music fill this place | Joseph M. Martin |
Kyrie | Missa “Parvula” | Francesco L. Luicani |
Gloria | Missa “Parvula” | Francesco L. Luicani |
Alleluja | Halleluja | Gordon Young |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ech hunn eng Mamm am Himmel | Jos Kinzé |
Sanctus | Missa “Parvula” | Francesco L. Luicani |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa “Parvula” | Francesco L. Luicani |
Kommuniounslidd | In remembrance of me | Robert Kochis |
Schlusslidd | Rosenkranzkönigin | Laudate Dominum Nr. 517 |
Sortie: Uergel | Toccata Francese | Jos Kinzé |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Folschette
Dirigentin: Claire Garçon-Wio
Organist: Pol Wio
Trompett: Jil Wio