lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Hengescht iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 22. Oktober um 9 Auer aus der Kierch vun Hengescht iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Hengischt, Feschbich, Kaalber an de Kannerchouer aus der Par Clierf Saint-Benoît hunn ënnert der Leedung vun Edmond Krier a Myriam Krencker-Mettendorff gesongen, op der Uergel huet d’Nathalie Lamberty-Brachtenbach begleet.
Chorale Ste Cécile Hengischt, Feschbich, Kaalber
D’Chorale besteet aus 22 aktive Sängerinnen a Sänger. Hir Haaptaktivitéite sinn: all Weekend d’Samschdes- resp. d’Sonndemass, Gottesdéngschter op de Feierdeeg am Kierchejoer, Hochzäits- a Begriefnismassen.
All Dënschdeg owend ass Prouf. Dirigent ass zanter ville Joren den Edmond Kremer, President ass de John Lamberty a Marc Scheuren an Nathalie Lamberty spillen d’Uergel.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Präludium in G | H. Rinck |
---|---|---|
Agangslidd | Un grand champ à moissonner | |
Kyrie | Messe de la Réunion | Laurent Grzybowski |
Gloria | Messe de la Réunion | Laurent Grzybowski |
Zwëschegesank | Laudato si, o mio Signore | |
Alleluja | Alleluja, nous t’acclamons | Laurent Grzybowski |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Brot, das die Hoffnung nährt | |
Sanctus | Saint, Saint, Saint le Seigneur | Laurent Grzybowski |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | Laurent Grzybowski |
Kommuniounslidd | C’est toi Seigneur | Lecot/Kirbye |
Schlusslidd | Allez dire à tous les hommes | Rimaud/Berthier |
Sortie: Uergel | Grand Choeur | Théodore Salome |
Chouer: Chorale Ste Cécile Hengischt, Feschbich, Kaalber; Kannerchouer aus der Par Clierf Saint-Benoît
Dirigenten: Edmond Krier a Myriam Krencker-Mettendorff
Organist: Nathalie Lamberty-Brachtenbach
- D’Mass vum 2. Oktavsonndeg gouf de 15. Mee aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Mass um 22. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Kierchen iwwerdroen
- D’Radiosmass gouf op Chrëschtdag aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf um Dräifaltegkeetssonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sondesmass um 3. Advent gouf vum Houwald iwwerdroen