lb fr pt en
Sonndesmass  
11. Abrëll 2017

D’Sonndesmass gouf vun Hueschtert iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf op Ouschteren, de 16. Abrëll, um 10.30 Auer aus der Kierch vun Hueschtert iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Hueschtert huet ënnert der Leedung vum Jean Schumacher gesongen, op der Uergel huet de Stefan Dorneanu begleet.

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ass am Joer 1873 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Joer 1958 ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. An denen laange Joeren hat d’Chorale eelef Presidenten an nëmme 4 Dirigenten.

Haut besteet d’Chorale aus 24 aktive Memberen : 12 Sopran – 6 Alt – 2 Tenor – 4 Bass. Dirigent ass den Här Jean Schumacher. Organiste sinn: d’Madame Kirsten Elmquist an den
Här Stefan Dorneanu.

Mat eisem Gesank verschéinere mir all kierchlech Fester. Wa mir och haaptsächlech e Kierchechouer sinn, sou triede mir awer och weltlech op. Fir dass mir nach laang kënnen esou sange wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wie Loscht huet fir ze sangen ass invitéiert emol kucken ze kommen. Eis Prouwe si freides vun 20 bis 22 Auer an eisem Proufsall (1, rue de la Gare) zu Hueschtert.

D’Kontaktadresse ass: Juliette Beffort, 12, rue du Rham, L-6991 Rameldange, Tel. 691-340442.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Christ lag in Todesbanden Johann Sebastian Bach
Agankslidd Freude über Freude Klaus Heizmann
Kyrie Missa 3A Johann Kalliwoda
Gloria Gloria, Ehre sei Gott Kathi Stimmer-Salzeder
Zwëschegesank Erstanden ist Christus Ludger Stühlmeyer
Alleluja Ouschteralleluja
Credo gëtt gebiet
Gowebereedung Nun freut euch hier, und überall Johann Crüger
Sanctus Saint, le Dieu de l’Univers Jacques Berthier
Vater unser Eise Papp am Himmel Jean Marie Kieffer
Agnus Dei Missa 3A Johann Kalliwoda
Kommioun: Uergel Prélude en Mi b Majeur Jacques-Nicolas Lemmens
Schlusslidd Preis dem Toderüberwinder LD 458
Uergel: Sortie Praeludium in Do Majeur Bux WV137 Dietrich Buxtehude

Et séngt: Chorale Ste Cécile Hueschtert
Dirigent: Jean Schumacher
Organist: Stefan Dorneanu

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu