lb fr pt en
Sonndesmass  
18. September 2018

D’Sonndesmass gouf vun Hueschtert iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 23. September, um 9 Auer aus der Kierch vun Hueschtert (Nidderaanwen) iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Hueschtert huet ënnert der Leedung vum Jean Schumacher gesongen, op der Uergel huet de Stefan Dorneanu begleet; op der Gei huet de Ruben Dorneanu gespillt.

Chorale Ste Cécile Hueschtert

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ass am Joer 1873 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Joer 1958 ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. An denen laange Joeren hat d’Chorale eelef Presidenten an nëmme véier Dirigenten.

Haut besteet d’Chorale aus 24 aktive Memberen: 12 Sopran – 6 Alt – 2 Tenor – 4 Bass. Dirigent ass den Här Jean Schumacher. Organiste sinn: Kirsten Elmquist a Stefan Dorneanu.

Mat eisem Gesank verschéinere mir all kierchlech a weltlech Fester. Fir dass mir nach laang kënnen esou sange wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wie Loscht huet fir ze sangen, kann emol kucke kommen. Eis Prouwe si mëttwochs vun 20 bis 22 Auer an eisem Proufsall (6, rue Principale) zu Hueschtert.

Kontaktadress: Juliette Beffort, 12, rue du Rham, L-6991 Rameldange, Tel. 691-340442, email: juliette.beffort@gmail.com

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Fantasie in g-moll aus Fantasie und Fuge BWV 542 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Cantate Domino Johann Crüger
Kyrie Gern treten wir vor Gott unsern Herrn Lorenz Maierhofer
Gloria Lasst loben und preisen Lorenz Maierhofer
Zwëschegesank Laudate Dominum Taizé
Alleluja Alleluja L-E de Labarthe
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Brot und Wein Klaus Heizmann
Sanctus Heilig, heilig, heilig bist du Lorenz Maierhofer
Vater unser Eise Papp am Himmel Jean-Marie Kieffer
Agnus Dei Mach mich würdig für die Gaben Lorenz Maierhofer
Kommuniounslidd Jesus bleibet meine Freude Johann Sebastian Bach
Sortie: Uergel Präludium und Fuge in D-Dur Antonin Dvorák

Chouer: Chorale Ste Cécile Hueschtert
Dirigent: Jean Schumacher
Organist: Stefan Dorneanu
Gei: Ruben Dorneanu

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu