lb | fr | pt | en |
D’Mass um 2. Adventssonndeg gouf vu Stengefort iwwerdroen
De 4. Dezember, um 2. Advent, gouf d’Sonndesmass vu Stengefort iwwerdroen. Et hunn d’Choralle Sainte-Cécile Stengefort an Hoen-Klengbetten gesongen. Dirigentin war d’Josée-Anne Mangen, Organist den André Scheuer. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Choralen Sainte-Cécile Stengefort an Hoen-Klengbetten
Zënter méi wéi 10 Joer prouwen a sangen déi 2 Kierchechéier zesummen, ouni awer hir Eegestännegkeet als Veräin opzeginn. Haaptaufgab vun hinnen ass haaptsächlech d‘Verschéinerung vun de Gottesdéngschter. Eng Aufgab, déi si och wärend der Coronazäit ganz eescht geholl hunn an all Sonndeg um Dill waren.
Éischter niewebäi ginn och weltlech Lidder gesonge fir d’Gesellegkeet ze fërderen.
Si hunn 22 aktiv Memberen (9 Hären an 13 Dammen) a si prouwen all Méindeg um 19.30 Auer am Sall oder an der Kierch.
All Leit, déi drun interesséiert sinn, sinn häerzlech wëllkomm bei eis.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée Uergel | Wir sagen euch an | Karl-Peter Chilla |
---|---|---|
Agangslidd | Wir warten auf das Licht | Klaus Heizmann |
Kyrie | Schutzengelmesse | M.L. Nemmers |
Zwëschegesang | Préparez le chemin du Seigneur | Jacques Berthier |
Gowelidd | Je vous salue, Marie | arr. J.P. Schmit |
Sanctus | Schutzengelmesse | M.L. Nemmers |
Agnus Dei | Vienne la colombe | Jean-Claude Gianadda |
Kommioun | Pain des merveilles | Scouarnec |
Uergel: Siciliano | John Stanley | |
Schlusslidd | Freue dich Welt | Händel/Heizmann |
Sortie | Noël Nr 12 | Louis-Claude d’Aquin |