lb | fr | pt | en |
D’Oktav zu Éiere vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg
D’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun huet déi sozial-historesch Aspekter vun der Oktav als immateriellt Kulturgutt vu Lëtzebuerg beliicht
Wéinst de Moossname géint Covid-19 Epidemie kann een dëst Joer physesch net un der Muttergottesoktav deelhuelen. Dee beléifte Mäertche gouf ganz ofgesot.
Seit 2007 steet d’Oktav zu Éieren vun der Tréischterin am Leed op dem nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg. Dëst immateriellt Ierwen ass voller Liewen. Vill Leit an Associatioune setzen sech fir d’Erhalen vun Traditiounen wéi d’Oktav an, well se hinnen e Gefill vu Identitéit a Kontinuitéit vermëttelen.
Aus deene Grënn lueden di Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, de Kulturministère, de Centre national de l’Audiovisuel (CNA), d’Photothéik vun der Stad Lëtzebuerg, der Stad Lëtzebuerg, den Institut iHist vun der Universitéit Lëtzebuerg, den Äerzbistum an d’Luxemburger Wort op eng historesch Entdeckungsrees vun der Oktav an – an zwar virtuell.
Billerreportagen, Quizfroen an eng Storymap erlaben vum 2. Mee 2020 un, déi spannend Geschicht vun der Oktav ze entdecken. Vun der Roll vum Mäertche bis zu de Gewunnechte vun de Pilger bis hin zur Schlussprëssessioun – et ass fir jiddereen eppes dobäi!
De ganze Bäitrag fannt Dir um Site “Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg” – mat ville Fotoe vu fréier…
Kuckt och d’Facebook-Säit: “Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’UNESCO“ (@unesco.lu)
- Oktav 2019 . Octave 2019
- Oktav 2020 online . Octave 2020 en ligne
- Das Oktavbild des Tages . L’image du jour de l’Octave
- Oktav 2022 . Octave 2022
- Oktav 2017 . Octave 2017
- Wéi gëtt de Votivaltoer opgeriicht?
- En neien Ufank woen
- Entstehung, Entwicklung und Bedeutung der Muttergottes-Oktave
- (Bal) 400 Joer Oktavgeschicht. Konstanten a Bréch
- As origens da Oitava em honra da Mãe de Deus no Luxemburgo