lb | fr | pt | en |
Diakonewei vum Jakob Zeilinger
Replay vun der Zeremonie
E Samschdeg, de 6. Mee 2023, um Héichfest vun der Tréischterin am Leed, huet den Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich de Seminarist Jakob Zeilinger zum Diakon fir d’Äerzdiözees Lëtzebuerg geweit. All Gleeweg waren häerzlech invitéiert, un der Feier deel ze huelen. D’Liturgie huet um 10 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg ugefaang.
Um Virowend, de 5. Mee, um 20 Auer waren all Leit zu enger gemeinsamer Gebietsnuecht mam Jakob Zeilinger fir Beruffungen an der Kathedral invitéiert.
De Jakob Zeilinger ass 28 Joer al an ass als den eelste vu 9 Geschwëster zu Wien (Éisträich) opgewuess. Seng éischt Studiejoren huet hien an der Belsch an der Géigend vu Bréissel verbruecht, duerno war hien zu Namur. Am ganzen huet d’Formatioun 10 Joer gedauert. Dräi Joer heivu waren e Stage an der Missioun. Hien mécht de Moment e Pastoralstage zu Miersch.
De Jakob Zeilinger huet seng Vocatioun am Chemin Néocatéchuménal fonnt. Hien huet seng Seminaires-Studien zu Lëtzebuerg am Seminaire Redemptoris Mater gemaach. No der Wei gëtt hien zu Lëtzebuerg inkardinéiert. Hien wäert Diakon an duerno Priister an der Diözees Lëtzebuerg ginn an ass ëmmer oppen, fir op all Plaz an der Welt ze schaffen, wann den Äerzbëschof dat erlaabt.
D’Mass gouf am Live-Stream iwwerdroen.
Méi zum Theema: Temoignage vum Jakob Zeilinger am Virfeld vun der Wei