lb | fr | pt | en |
D’Mass um 27. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Furen iwwerdroen
Den 2. Oktober gëtt d’Sonndesmass vu Furen iwwerdroen. D’Chorale Sängerbond Fouhren séngt d’Mass. Dirigent ass de Paul Muller an Organistin ass d’Tamara Rosselet. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sängerbond Fouhren
D’Chorale Sängerbond Fouhren gouf 1893 gegrënnt a feiert deemno gläich hiert 130 järegt Bestoen. Mat der frëndschaftlecher Ënnerstëtzung vu Sängerinnen a Sänger aus de Nopeschdierfer zielt eise Chouer 14 aktiv Memberen. Gäre géife mir nei Sängerinnen a Sänger an eisem Veräin begréisse fir zesummen och an Zukunft déi gesanglech Verschéinerung vun de Sonndesmassen, Hochzäitsfeieren, Begriefnisser an Kiermesmassen, sou wéi haut d’Kiermes zu Fouhren, kënnen ze gestalten.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Praeludium in g BuxWv 148 | D. Buxtehude |
---|---|---|
Agangslidd | Rosenkranzkönigin | LD 517 |
Kyrie | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim (arr. P. Colombo) |
Gloria | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim (arr. P. Colombo) |
Alleluja | Alleluja | E. Brucks |
Credo | gëtt gebiet | |
Offertoire | Ave verum corpus | W. A. Mozart |
Sanctus | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim (arr. P. Colombo) |
Anamnes | Jesus Christus, operstane vum Doud | LD 270 |
Agnus Dei | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim (arr. P. Colombo) |
Kommioun | Loué soit à tout instant | J. F. Mpola |
Schlusslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | LD 90 |
Sortie | Impromptu | L. Vierne |
- D’Mass op Chrëschtdag gouf aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sondesmass um 2. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Péiteng iwwerdroen
- D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf den 8. August vun Habscht iwwerdroen
- D’Mass um 11. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Éinen iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Colmer-Bierg iwwerdroen